De Wochenausbléck: A Richtung Enn der Woch 35 Grad net ausgeschloss

Dës Woch steet eis déi bis ewell wäermst Woch vum Joer un.

Grousswiederlag

Héije Loftdrock mécht sech iwwert eis breet, iwwerdeems vum Dënschden un bis an déi spéit zweet Wochenhallschent eran en Déifdrockgebitt vu virun der spuenescher Küst a Richtung Westfrankräich zitt. Duerch d’Kombinatioun aus déiwem Loftdrock iwwer Westeuropa & héijem Loftdrock iwwert dem Rescht vum Kontinent ginn immens waarm Loftmassen direkt aus Spuenien & Nordafrika an eis Géigende gepompelt. Iwwerdeems a Südwesteuropa iwwer 40 Grad erreecht ginn, musste mir eis och zu Lëtzebuerg op 30 Grad a méi astellen.


D’Grousswiederlag um Samsden | Grafik: wxcharts.com

Vill Sonn, kee Reen, ëmmer méi waarm

Nidderschléi an déck Wolleke spillen an dëser Woch keng gréisser Roll, op mannst mol bis de Samsden inclus. Et ass meeschtens sonneg, a Richtung Enn der Woch weist den Temperaturtrend riicht no uewen.

Muer um Dënschde schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall, d’Temperature packen et op 22 bis 25 Grad. Et bleift dréchen a frëndlech. Um Mëttwoch bleift d’Sonn bei eis, mat 26 bis 32 Grad gëtt en éischte klenge Wiermt-Peak erreecht. Um Donneschden ass et bei 24 bis 29 Grad nëmme minimal manner waarm, d’Sonn bleift eis erhalen – et zéien héchstens e puer harmlos Wolleken duerch.

An da gëtt et ëmmer méi waarm: vum Freiden vun ass mat 27 bis 33 Grad ze rechnen, um Samsde komme mir bei engem viraussiichtleche Peak vun tëscht 28 a 35 Grad un. Aktuelle Berechnunge no kann et sinn, dass eis am Laf vum Sonnden déi éischt Donnerwieder aus Westen erwaarde kéinten, dat bei schmeieren 22 bis 27 Grad.

A Saache Nidderschléi geschitt dës Woch also net vill bis iwwerhaapt näischt, dohier kann een den Ausbléck op d’Woch zimmlech kuerz halen. A Saachen Temperature gesi mir eis nach an engem aneren Artikel.