De Wochenausbléck: A Richtung Enn der Woch erëm méi waarm

Eis erwaarden zimmlech agréabel Temperaturen, eréischt vun der zweeter Wochenhallschent u soll et méi waarm ginn. Reen ass ëmmer nach kee gréissert Thema.

D’Grousswiederlag

Haut um Dënschden hu mir et nach mat engem schwaache Wolleken- a Nidderschlagsband ze dinn, wat mat engem Déifdrockgebitt iwwert dem skandinavesche Raum zesummenhänkt. Fir de Rescht erstreckt sech vum ëstlechen Atlantik hier bis iwwert d’Mëttelmier an och dem Gros vu Frankräich héije Loftdrock. Vum Mëttwoch u verlagert sech den héije Loftdrock erëm iwwer gréisser Deeler vun Europa, just heiansdo si mol kuerz Stéierungen a Form vu klengen Déifdrockgebitter ze erwaarden, wéi beispillsweis mol de Freiden. Et sinn zwar mol erëm puer Nidderschlagssignaler an de Kaarten ze fannen, an awer ass näischt wierklech nennenswäertes en Vue. Global gekuckt ass et ëmmer nach ze dréchen.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut um Dënschden zéie vill Wolleken duerch, heiansdo ass mol e sonnege Moment dran. Bei 20 bis 24 Grad besteet zäitweis mol eng kleng Schauerwarscheinlechkeet, naass gëtt et awer erëm nach laang net iwwerall. De Mëttwoch presentéiert sech mat vill Sonn e gutt Stéck méi frëndlech, d’Temperature beweege sech tëscht 18 a 25 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. Den Donneschde kommen erëm eng Partie Wolleken dobäi, déi och mol méi kompakt ausfalen. D’Temperature packen et op 24 bis 28 Grad, et sollt gréisstendeels dréche bleiwen.

De weidere Verlaf

Fir de Freide kënnege sech och vill Wolleken un, dat awer ëmmer nach mat kenger all ze grousser Nidderschlagswarscheinlechkeet. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 25 a 29 Grad. De Samsde geet et mat sonnege Momenter un, ier et am Laf vum Dag séier méi gro soll ginn. 24 bis 28 Grad. De Sonnde soll et dem neiste Stand no net vill anescht ginn, 26 bis 31 Grad stinn um Programm.