De Wochenausbléck: A Richtung Enn der Woch méi Wolleken

Dat gutt Wieder bleift zu Lëtzebuerg! Eréischt am Laf vun der zweeter Wochenhallschent sollen erëm méi Wolleken hire Wee bis bei eis fannen.

D’Grousswiederlag

Vun der Grousswiederlag hier erstreckt sech héije Loftdrock vun den Azoren hier iwwert de Südweste vun Europa bis ganz an de Nordoste vum Kontinent eran. Am Ufank gi nach méi kill Loftmassen aus Russland op Lëtzebuerg gelenkt, wat dann am Laf vun der Woch ëmmer manner de Fall wäert sinn. Schonn vum Mëttwoch un ass mat enger liichter Erwiermung ze rechnen, déi eis Temperaturen am Laf vun der zweeter Wochenhallschent eventuell op iwwer 10 Grad manövréiere kéinten. Et gëtt dobäi awer och erëm e bësse méi wollekeg.


D’Grousswiederlag bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Héije Loftdrock? Genee! Dat heescht, dass et mat eisem Wieder gréisstendeels onverännert virugoe wäert. Haut um Méinde schéngt d’Sonn erëm iwwer Bierg an Dall, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 4 a 7 Grad. De Wand ass meeschtens schwaach ënnerwee, just heiansdo sinn mol e puer méi spierbar Spëtzte vu bis ëm 45 km/h net ausgeschloss. Um Dënschden an och um Mëttwoch geet et no engem fraschtege Start mat Temperature vun tëscht -6 a -2 Grad am Nomëtten op tëscht 7 an 10 Grad erop, um Mëttwoch esouguer 11 bis 13 Grad. Fir déi zwee Deeg gëllt, dass sech de Niwwel fir d’éischt opléise muss, fir dass sech d’Sonn weise kënnt – well d’Konditiounen an de leschten Deeg awer ëmmer déi selwecht ware, sollt dëst awer kee Problem sinn.

Déi zweet Wochenhallschent

Um Donneschde geet et mat engem kloren Himmel un, am Laf vum Dag gëtt et aus Westen awer lues a lues méi wollekeg. Duerch dës Wolleke kann et um fréien Donneschdenowend net ausgeschloss ginn, dass et lokal begrenzt mol zu liichte Nidderschléi kënnt. Wat d’Quantitéiten ugeet, ass awer näischt relevantes ze erwaarden. 12 bis 15 Grad sollen optrieden – dat ebe, well d’Zoufuer vun de kille Loftmassen aus Russland ënnerbrach gëtt. Um Freiden dann gëtt et e weidert Stéck méi wollekeg, mat Chance weist sech d’Sonn nach mol dotëscht. 13 bis 16 Grad stinn un, um Owend an och an der Nuecht op de Samsde kënnen eenzel Schauere net ausgeschloss ginn. Um Samsden ass et meeschtens wollekeg – dobäi soll et aus aktueller Siicht gesinn ëmmer erëm liicht reenen bei 11 bis 15 Grad. Um Sonnde wiessle sech d’Sonn an e puer méi déck Wolleken of, et sollt gréisstendeels dréche bleiwen. D?Temperature klammen op 10 bis 13 Grad.