De Wochenausbléck: Am Laf vun der Woch Klops mat kille Loftmassen

Dem Stand vun der vergaangener Woch no sollt déi nei Woch elo eng gréisser Ännerung a Saachen Temperaturen optrieden. E klengen Déifdrock-Klops mat kille Loftmasse mécht do awer e Stréch duerch d’Rechnung, op d’mannst mol fir den Ufank.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Norde vun Europa läit ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock, genee esou och de südleche Beräich vum Mëttelmier. Dotëscht forméiert sech e Beräich mat méi déiwem Loftdrock, deen sech zäitweis och iwwert eise Käpp zu Lëtzebuerg wäert breetmaachen. Dëst mécht sech entweder a Form vun e puer eenzelne Schauere bemierkbar, oder och zesumme mat der Kombinatioun vu kuerzzäiteg däitlech méi nidderegen Temperaturen – virun allem an der fréier zweeter Wochenhallschent.


De Verlaf vun der Loftmassentemperatur bis e Sonnden, gutt ze gesinn ass och de “Kaltlufttropfen” en Donneschden | Animatioun: wxcharts.com

Déi eigentlech geplangt Zoufuer vun de méi mëlle Loftmassen, déi mir d’lescht Woch thematiséiert haten, gëtt doduerch ofgeblockt an zäitlech gesinn méi wäit no hanne gedréckt.

De Verlaf

Haut de Moien ass et nach zu e puer Schauere komm, lokal waren se iwwerraschenderweis och e bësse méi kräfteg ënnerwee. D’Temperature leien aktuell (Stand: 17:39 Auer) bei tëscht 10 a knapp 14 Grad a wäerte sech an der Nuecht op tëscht 1 a 4 Grad zréckzéien. Muer um Dënschden ass bei Maximaltemperature vun tëscht 10 an 13 Grad mat kenger gréisserer Ännerung ze rechnen, och eist Wieder verhält sech net ganz vill aneschters. Bis an de fréie Nomëtten era besteet eng kleng Warscheinlechkeet vun enger eenzelner Schauer, soss wiessle sech déck Wolleken an e puer eenzel sonneg Momenter of. E Mëttwoch erliewe mir quasi e Copy & Paste dovun, d’Temperature klamme mat 12 bis 15 Grad awer e Krack méi héich.

… an dann gëtt et kuerz méi kill

Fir en Donneschde leet sech e sougenannte “Kaltlufttropfen” iwwert eis. Et ass en Héichtendéif, duerch dat däitlech méi kill Loftmassen an der Héicht afléissen. Dës Loftmasse ginn zwar 1:1 op de Buedem erof iwwerdroen, bréngt an dësem Afloss awer e spierbaren Effekt op Lëtzebuerg. Et ass iwwert den Dag verdeelt mat Schaueren ze rechnen, d’Temperature klamme nach op e Maximum vun tëscht 5 an 8 Grad. Duerch déi kill Loft an der Héicht kann et ënner Ëmstänn mol virkommen, dass sech virun allem op de Koppen déi eng oder aner Flack ënnert de Reen mëscht. De “Spuk” ass awer séier eriwwer, well et an der Nuecht op de Freiden erëm méi dréche gëtt an eis och dëse “Kaltlufttropfen” a Richtung Weste verléisst. An der Héicht fléissen also erëm méi waarm Loftmassen an.

An de Nuechte mécht sech den Impakt méi däitlech bemierkbar: An der Nuecht op den Donneschde ginn d’Temperature nach eng Kéier op tëscht -1 an 2 Grad zréck, genee wéi och an der Nuecht op de Freiden.


Kuerzzäiteg gëtt de Wee fräi fir méi mëll, mee méiglecherweis och liicht schmeier Loftmassen | Grafik: wxcharts.com

Hannert dëser Stéierung a Form vun dëser kaler Drëps an der Héicht gëtt kuerz de Wee fräi gemaach fir eng méi mëll südwestlech Stréimung, dat vum Freidemëtten un a soll méiglecherweis bis nach e Sonnden unhalen. D’Temperature klammen zwar, de Mix aus Sonn, Wolleken a Schauere geet awer virun. Esouguer Donnerwieder kënnen de Weekend net ausgeschloss ginn. Fir e Freide gi Maximaltemperature vun tëscht 12 a 15 Grad berechent, e Samsde 15 bis 19 Grad an e Sonnden erëm 9 bis 12 Grad.