An der neier Wiederwoch probéiert sech den héije Loftdrock esou laang et geet bei eis ze halen, wat awer net ganz gelénge wäert. Deemno wéi et ausgeet, sinn esouuger Flacken dran.
D’Grousswiederlag
D’Muster an de Wiederkaarten ännert sech an dëser Woch e puer mol, wat heescht, dass se op alle Fall net eentéineg gëtt. Nach bis muer ass den héije Loftdrock bei eis, ier en vum Samsden un erëm erëmkomme soll. Do dotëscht si vill Wolleken ënnerwee, et ass zäitweis mat Nidderschléi ze rechnen. Et gëtt esouguer déi eng oder aner Berechnung, déi geréng Signaler fir Schnéischauere gesäit. Mee elo mol der Rei no.
De Verlaf
Haut um Méinde si mir, wéi geplangt, mat e bësse Niwwel a nidderege Wolleken an den Dag eragestart. Duerno ass d’Sonn dunn ëmmer méi oft erauskomm, am Endeffekt war et e flotten Dag. Mat Maximaltemperature vun tëscht 9 an 13 Grad war et och net wierklech kal.
Den Dag vu muer gëtt e ganz änlechen. Mir starte mat Niwwel- a Wollekefelder, duerno soll dann d’Sonn erëm rauskommen. Reen steet keen un, dat bei engem Temperaturmaximum vun tëscht 8 an 10 Grad. E Mëttwoch beweegt sech en Déifdrockgebitt vun de britteschen Inselen a Richtung Dänemark an dréit domat méi Wolleken op Lëtzebuerg. Duerch dës Wolleke geet d’Schauerwarscheinlechkeet an d’Luucht. Fir en Donneschde stinn och vill Wolleken um Programm, d’Schauerwarscheinlechkeet ass awer erëm méi niddereg.
E Freide soll e weidert Déif nërdlech vun Däitschland leien, wat eng Kalfront a Richtung Süden dréckt. Deemno wéi wäit dës ausgräift, kann et an eise Géigenden zu Schnéireen oder Schnéi kommen. Signifkant géif et zwar net ausfalen, an awer wier et e klengen Trouscht fir all d’Wanterfrënn ënnert eis. E Samsde wiere nach Schaueren dobäi, ier et fir e Sonnden erëm méi frëndlech soll ginn.
Spéitstens e Freide gëtt et och méi kill, dat mat 3 bis 6 Grad. E Sonnde wiere mir dann nach bei 2 bis 4 Grad.