De Wochenausbléck: Am Laf vun der Zäit méi naass a méi lëfteg

Am Laf vun der neier Woch gerode mir ëmmer méi ënnert den Afloss vun enger südwestlecher Stréimung. Doduerch packen et zimmlech mëll, mee och naass Loftmassen op Lëtzebuerg. Mat dobäi kënnt d’Wahrscheinlechkeet vun engem zäitweis staarke Wand.

Déifdrockafloss iwwerhëlt ëmmer méi

Mir starte nach mat liichtem Héichdrockafloss an déi nei Woch eran. Dowéinst kann et um Méinde nach méi oft zu Niwwelfelder kommen, soss ass et awer och oft wollekeg. Wann de Niwwel an de Moiesstonne séier genuch verschwënnt, ka sech d’Sonn nach kuerz weise kommen, ier et am Laf vum Dag méi gro gëtt. D’Temperature leien tëscht 5 a 7 Grad a klammen am Virmëtten op 7 bis 9 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 8 bis 11 Grad areecht, haaptsächlech a Richtung Owend a Nuecht kann et mol zu enger Schauer kommen. Frascht ass duerno keen ze erwaarden.

Och den Dënschde hunn d’Wolleken d’Iwwerhand. An de Moiesstonne kann et virun allem a Verbindung mat Niwwel zu liichte Nidderschléi wéi z.B Fisemreen kommen. D’Temperature leien tëscht 7 a 9 Grad. Am Nomëtten ass mat 8 bis 11 Grad ze rechnen, trotz ville Wolleken ass et nach meeschtens drëchen. De meeschte Reen kënnt réicht vum Owend resp. der Nuecht op de Mëttwoch un bei eis un.

De Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden (GFS / wxcharts.com)

Lëftege Mëttwoch a Siicht

Sou wéi d’Modeller et de Moment gesi, gerode mir de Mëttwoch ënnert den Afloss vun engem Stuermdéif – méi genee gesot handelt et sech dobäi ëm d’Iwwerreschter vum Tropestuerm SEBASTIEN. En zitt mat séngem Kär iwwert déi britesch Inselen ewech an ënner däitlecher Ofschwächung duerno och iwwer Deeler vun Däitschland. Mir geroden also an d’Wandfeld vum System, wat een de Mëttwoch och mierke wäert. Et ass de ganzen Dag bedeckt an et ka reenen, d’Temperature packen et op 8 bis 12 Grad. De Wand bléist ufanks mat Spëtzte vu 65 km/h aus südleche Richtungen an dréit dann an der Nuecht op den Donneschden op südwestlech Richtungen. Et sinn ëmmer nach Spëtzte vun em 60 km/h dran. Et kann zu weidere Schauere kommen.

Och de Rescht vun der Woch kann et tëschenduerch zu engem liichten Héichdrockafloss kommen, dee sech awer net wierklech behapte kann. Um Donneschden hu mir et ëmmer nach mat ville Wolleken ze dinn an och Schauere kënne nach optrieden, dat bei 7 bis 11 Grad. De Wand ass net méi grad sou present a packt et nach op Spëtzte vu 50 km/h. De Freiden an och de Samsde bleift et meeschtens gro an d’Schauere bleiwen en Thema. D’Temperature pendle sech ëmmer méi ënnert der 10 Grad-Grenz an. De Sonnde gesäit aus aktueller Siicht gesi rem e bësse méi frëndlech aus, wann och nach e Stéck méi kill.