De Wochenausbléck: An der zweeter Hallschent kënnt Beweegung an d’Spill

An dëser neier Wiederwoch gëtt et e gutt Stéck méi spannend wéi an der leschter – zumools an der zweeter Hallschent.

Advertisement

De Moien hu mir et nach mat ganz liichtem Héichdrockafloss ze dinn, mee elo am Laf vun de Stonnen mécht sech eng schwaach Front iwwert eis breet, déi eis erëm e puer Nidderschléi ka bréngen. D’Quantitéite sinn net déi héchst, mee et gëtt virun allem wärend dem Nomëtten bis an de fréien Owend eran plazeweis naass. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 9 an 11 Grad. An der Nuecht op muer kënnt alt erëm liichten Héichdrockafloss an d’Spill, duerch deen et méi dréchen gëtt.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis e Sonnden inclus | Grafik: wxcharts.com

A grad well et sech dobäi ëm Héichdrockafloss handelt, muss een muer um Dënschden hoffen, dass sech d’Sonn awer heiansdo duerch de méigleche Niwwel duerchgedréckt kritt. Nennenswäerte Nidderschlag steet keen un, dat bei 8 bis 10 Grad. De Wand ass awer spierbar a beweegt sech mat Vitesse vu bis zu 45 km/h aus Südwesten iwwert d’Land ewech. E Mëttwoch gëtt et am Laf vum Dag ëmmer méi wollekeg, vum spéidere Nomëtten un bis an den Donneschden eran soll et nämlech groussflächeg reenen. D’Temperature packen et nach eng Kéier op tëscht 6 an 10 Grad.

Wéi gesäit et dann mat der zweeter Wochenhallschent aus? Ka sech d’Wieder endlech fir eppes entscheeden?

D’Modeller sinn um Stand vun der leschter Woch bliwwen a gesinn, dass et an der zweeter Wochenhallschent tendenziell méi variabel gëtt. Nach méi variabel freet een sech elo? Jo – mee méi an där Form, dass d’Stréimung méi stramm gëtt. De Moment gëtt domat gerechent, dass e gréisseren Déifdrockkomplex grouss Deeler vum nërdlechen an och nordëstlechen Atlantik, inklsuiv de britteschen Inselen an och dem skandinavesche Raum beherrscht. Doduerch géif et engersäits däitlech méi lëfteg an eise Géigende ginn, zur selwechter Zäit géif esouguer erëm kuerz d’Fro opkommen, ob net awer nach fläit plazeweis déi eng oder aner Flack erofkënnt. Mee elo mol der Rei no.

Den Donneschde gesäit aus aktueller Siicht gesinn esou aus, wéi wann en zimmlech an d’Waasser géif falen. D’Temperature wier mat tëscht 8 an 10 Grad dobäi, iwwerdeems de Wand Spëtzte vun ëm 75 km/h soll erreechen. Eenzelne Modellrechnunge no wieren awer och bis zu 90 km/h net ausgeschloss. Fir e Freide gëtt berechent, dass aus west-nordwestleche Richtungen däitlech méi kill Loftmassen an der Héicht op Lëtzebuerg transportéiert ginn. Zur selwechter Zäit wier mat Schaueren ze rechnen, bei deenen et net ausgeschloss wier, dass lokal déi eng oder aner Flack aus de Wolleke kënnt. De Wand wier dobäi och ëmmer nach zimmlech stramm ënnerwee. E Samsden an e Sonnde géif et änlech virugoen: Also mam Potenzial fir lokal Flacken, kräftege Reen mee awer och e lëftege Wand bis hin zu Stuermstéiss. Et kann also vun allem dobäi sinn.

Wichteg ass awer ze soen, dass de Charakter vun der Grousswiederlag vill ze variabel dofir ass, dass sech d’Konditiounen, déi de Schnéifall zouloossen, iwwert eng laang Zäit halen. Et wäert net wierklech laang dauere, bis d’Loftmassen erëm ze mëll ginn, esoudass eis kee nohaltege Wanterabroch sollt erwaarden.