De Wochenausbléck: An der zweeter Wochenhallschent ëmmer méi kill

An dëser neier Wiederwoch gi mir gréisstendeels vun héijem Loftdrock begleet. An der zweeter Wochenhallschent schéngt eis en däitlechen Temperaturréckgang unzestoen.

Grousswiederlag

Nodeems mir et de Weekend mat déiwem Loftdrock ze dinn haten, kritt sech vun haut un den héije Loftdrock erëm ëmmer besser bei eis duerchgesat. Dat heescht esou vill wéi: soubal de Niwwel sech opgeléist huet, erwaart eis Mix aus Sonn a enger Partie méi décke Wolleken. Et ass mat kenge wierklech relevante Nidderschlagsquantitéiten ze rechnen. Bis an déi fréi zweet Wochenhallschent ginn Déifdrockgebitter nërdlech a südlech vun dësem Héich ëmgeleet.


De Wocheverlaf mat engem Changement a Richtung Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut um Méinde si vill méi déck Wolleken ënnerwee, woubäi sech am Laf vum Dag mat Chance awer och e puer méi sonneg Momenter aschläiche kënnen. All dat natierlech, soubal de Niwwel fort ass. D’Temperature packen et am Nomëtten op 3 bis 7 Grad – Dir mierkt, et gëtt schonn e bësse méi kill. Um Dënschden hu mir erëm dat selwecht Spill, soubal de Niwwel fort ass. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 5 an 8 Grad, dat nodeems mir mat Fréitemperature vu liicht ënner 0 an den Dag eragestart sinn. De Risk vu glate Streckenofschnëtter geet an d’Luucht. Um Mëttwoch ass mat Maximalwäerter vun tëscht 3 a 6 Grad ze rechnen, de Moie verleeft e bësse manner kill. Vum Wiederzoustand hier gëtt et guer net esou schlecht, zumools wa sech de Niwwel dann opgeléist kritt.

Duerno Ëmschwong méiglech

Um Donneschden deet sech mol nach net all ze vill – et bleift d’selwecht wéi un den Deeg virdrun. No engem kille Moie mat Temperature vun tëscht -2 an 1 Grad inkl. Risk vu glate Stroosse klammen d’Temperaturen am Nomëtten op 3 bis 6 Grad erop. Et reent net. Um Freide gëtt eist den aktuelle Modellkaarte no verdrängt, déiwe Loftdrock vum Atlantik kritt ëmmer méi d’Soen iwwer eist Wieder. Kënnt et esou, da fléisse kill an och fiicht Loftmassen eran, wat bedeit, dass et däitlech méi kill gëtt – mee och d’Nidderschléi zouhuelen. Géife sech déi aktuell Kaarten duerchsetzen, da wier de Freiden en zimmlech groen Dag. D’Temperature packen et nach op 2 bis 5 Grad. Am Laf vum Owend a vun der Nuecht géif eis aus West-Nordwesten eng Front erreechen, déi duerch méi nidderëg Temperaturen d’Warscheinlechkeet vu Schnéireen a Schnéifall op Lëtzebuerg bréngen. Och de Samsde wier en zimmlech groen Dag mat Niwwel an e puer liichte Nidderschléi a Form vu Schnéireen a Reen, dat bei 1 bis 4 Grad. De Sonnde géif gro viru goe mat Niwwel a liichte Nidderschléi, dat bei maximalen 0 bis 4 Grad.