De Wochenausbléck: An der zweeter Wochenhallschent kuerz manner waarm

Dass sech bis en Donneschden all Dag wäerten Donnerwieder iwwer Mëtteleuropa entlueden, wësse mir. Mee wéi entwéckelt et sech ofgesinn dovun? A wat maachen eis Temperaturen?

Advertisement

D’Grousswiederlag

Bis en Donneschden dominéiert mol nach en Déifdrockgebitt iwwert eist Wieder, wat mat sengem Kär iwwert de britteschen Inselen läit. Dëst Déif generéiert besonnesch a Richtung Ärmelkanal mee och Westfrankräich zäitweis mol weider Déifer, déi fir eng Partie Donnerwieder wäerten verantwortlech sinn an och schonn waren. An der fréier zweeter Hallschent vun der Woch breet sech vu virun der portugisescher Küst bis erop un déi brittesch Inselen héije Loftdrock aus, iwwerdeems e weidert Donnerwiederdéif iwwer Frankräich entsteet, wat sech bis e Freiden a Richtung Polen verzitt.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Do hannendrun erwaarden eis dann erëm däitlech méi stabil Loftmassen, déi mir engem Héichdrockgebitt ze verdanken hunn. Aus synoptescher Siicht gesinn geschitt an dëser Wiederwoch zimmlech vill, wat ebe net nëmmen am Thema vun den Donnerwieder resultéiert, mee och an deels méi staarken Temperaturschwankungen.

De Verlaf

De Méinde si mir mat ville Wolleken an den Dag gestart, dobäi hat et op d’mannst mol lokal net all ze wäit ofgekillt Déi wäermst Statiounen hu grad emol e Minimum vun tëscht 15 a 17 Grad registréiert. Am Verlaf vum Dag sin 25 bis 27 Grad ze erwaarden, et gëtt méi schmeier. Et sollt dréche bleiwen, eréischt vum spéidere Nomëtten/Owend u klëmmt vu Frankräich hier de Risk vun engem Donnerwieder. Dozou hei mei.

Muer um Dënschde begleeden eis weiderhi Wolleken duerch den Dag, dotëscht weist sech d’Sonn awer weiderhin. Mat 26 bis 32 Grad gëtt et héichsummerlech waarm, mee och zimmlech schmeier. Vum fréie Nomëtten u besteet de Risk vun Donnerwieder – woubäi de geneeë Verlaf awer nach net ganz kloer ass. E Mëttwoch sinn am Laf vum Dag mol eenzel Schaueren ze erwaarden, mee dem ganz neie Stand no ass dann de Risk fir en Donnerwieder däitlech méi kleng. bei nach 24 bis 28 Grad wiessle sech Sonn a Wolleken of.

Entweder an der Nuecht op den Donneschden oder en Donneschdemoie fréi soll aus Frankräich e gréissert Reen- & Donnerwiedergebitt iwwert eis ewechzéien – an engem aneren Artikel gi mir méi genee drop an. Den Donnerwiederrisk zitt sech nach bis an de spéidere Nomëtten eran, ier dann eng Berouegung soll antreffen. D’Temperature si mat Maximaltemperature vun tëscht 20 a 25 Grad ënnerwee, et gëtt also viraussiichtlech net méi grad esou waarm an eise Géigenden. E Freide wiessle sech Sonn a Wolleken of, bei 19 bis 24 Grad sollte mir Reen-& donnerwiederfräi bleiwen.

E Samsden an e Sonnde gëtt aus momentaner Siicht gesinn erëm Plaz fir d’Sonn gemaach, dat bei 24 bis 26 Grad e Samsden a 25 bis 29 Grad e Sonnden.