De Wochenausbléck: An enger éischter Phas bis 35 Grad ze erwaarden

D'Wieder gëtt erëm richteg interessant. Dës Kéier net a Saachen Donnerwieder, mee méi wat Hëtzt an Dréchent ugeet.

D’Grousswiederlag

D’Temperature spillen an der neier Woch eng grouss Roll, mee awer net un engem Stéck. En éischte Peak vun der Hëtzt erwaart eis bis de Mëttwoch & no engem klenge Réckgang dann méiglecherweis och en zweete méi zolitten a Richtung Sonnden oder och Méinde vun der nächster Woch.


D’Entwécklung vun der Grousswiederlag bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

Dat heescht, dass mir bis de Mëttwoch ënner stabilem Héichdrockafloss leien. Tëscht dem Donneschden an dem Samsden dréckt kuerzzäiteg vu Norden hier en Déifdrockgebitt mat méi kille Loftmassen der Hëtzt entgéint, wouduerch et kuerzzäiteg erëm e bësse manner waarm gëtt – d’Temperature verlafen also esou änlech wéi op enger Achterbunn, wann een et esou wëll.

Mat héijem Loftdrock iwwert dem Kontinent an déiwem Loftdrock iwwer Westeuropa kéint et dann um Sonnden/Méinden zu engem markanten Temperaturpeak kommen, wou op ganz Europa gekuckt esouguer Rekord-Zenarie net auszeschléisse wieren. Dëst kucke mir eis awer nach an engem aneren Artikel méi genee un.

Den allgemenge Wocheverlaf

Fir de Punkt schonn mol ofzehaken: Wat Nidderschléi betrëfft, si mir séier fäerdeg. D’Wiedermodeller gesinn et allerhéchstens mol lokal begrenzt e bëssen aus de Wolleken drëppsen – eng Dréchent gëtt also och esou lues en Thema.

Haut um Méinde wiessle sech Sonn an e puer Wolleken of, d’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 23 an 28 Grad. Dat Ganzt gëtt vun engem schwaache bis zäitweis liicht spierbare Nord-Nordostwand begleet. Um Dënschde kréie mir et mat engem ganz änlechen Dag ze dinn, eis Temperature klamme mat 27 bis 33 Grad nach e klengt Stéckche méi wäit. Um Mëttwoch kënnen d’Wolleken dann duerchaus mol e bësse méi déck ausfalen, dotëscht weist sech d’Sonn awer. D’Temperature packen et op e Maximum vu viraussiichtleche 29 bis 34 Grad. Reen ass keen ze erwaarden.

Déi zweet Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent deet sech net vill, ausser erëm un den Temperaturen. Wéi am Ufank ugeschwat, dréckt bis de Samsden en Déifdrockgebitt mat méi kille Loftmassen der héichsummerlecher Loft vum Kontinent selwer entgéint. Et soll also fir eng kuerz Zäit e bësse manner waarm ginn. Um Donneschde sollt een den aktuellen Aussiichte no bei 25 bis 33 Grad nach net all ze vill dovu mierken, Sonn a Wolleke wiessle sech of. Um Freide gëtt et mat 24 bis 28 Grad schonn e bësse méi spierbar, kill ass dëst awer nach laang net – de summerleche Niveau gëtt bäigehalen. Vum Samsden u klammen d’Temperaturen erëm, 27 bis 32 Grad stinn de neiste Kaarte no um Programm. Den Himmel ass gréisstendeels kloer, Chancen op Reen weiderhi kleng. Fir de Sonnde sollen tëscht 31 a 36 Grad méiglech sinn.