De Wochenausbléck: Bësse méi waarm a net méi grad esou variabel

An der neier Wiederwoch hu mir erëm méi héich Temperaturen ze erwaarden. Dëst awer viraussiichtlech och nëmme kuerz, Hëtzt steet keng un.

D’Grousswiederlag

Héije Loftdrock probéiert sech iwwert dem Kontinent duerchzesetze, gëtt awer heiansdo vu liichtem Déifdrockafloss gestéiert. Dat ass haut um Méinden de Fall, mee awer och erëm um Donneschden. Do dotëscht an duerno ginn et awer och erëm Phase wou de Reen erëm e raren Artikel ka ginn – am Allgemengen ass et manner variabel wéi d’lescht Woch.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut um Méinde starte mir mat ville Wolleken an déi nei Woch eran, dobäi besteet bis an de fréie Nomëtten eran d’Warscheinlechkeet vun e puer Schaueren. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 18 an 22 Grad. Muer um Dënschde kritt sech erëm héije Loftdrock duerchgeboxt, dat beo 22 bis 25 Grad. D’Sonn ass ze gesinn an et bleift dréchen. Um Mëttwoch kommen erëm e puer Wolleken dobäi, trotz klenger Schauerwarscheinlechkeet bleift et bei 23 bis 28 Grad gréisstendeels dréchen.

Wat déi zweet Hallschent vun der Woch ugeet wiessle sech um Donneschde Sonn a Wolleken of, heiansdo kéint mol eng Schauer net ganz ausgeschloss ginn. 22 bis 25 Grad stinn un. Um Freiden hu mir et erëm mat engem Sonn- Wollekemix ze dinn, et bleift awer normalerweis dréchen. 18 bis 22 Grad sinn ze erwaarden. De Samsde gesäit aus aktueller Siicht gesinn no engem frëndlechen Dag aus, dat mat Maximaltemperature vun tëscht 23 a 26 Grad. De Sonnde soll mat 24 bis 27 Grad méi waarm ginn an och dréche bleiwen.