De Wochenausbléck: Bis de Mëttwoch rem méi mëll

No engem zimmlech kille Weekend ginn d’Temperaturen an der neier Woch rem e Stéck an d’Luucht. Dest ass awer och nëmme vir eng kuerz Zäit.

Kuerz méi mëll Loftmassen

De Weekend haate mir et mat méi kille Loftmassen ze dinn. Dëst ass och beispillsweis de Grond, firwat et während verschiddene Schaueren och zu klenge Knëppelsteng (gréisstendeels Graupel) komme konnt. Vum Méinden un ginn déi kill Loftmassen duerch méi mëll Loftmassen ersaat, wouduerch et och bei eis um Buedem méi mëll gëtt. Dëst ass awer wahrscheinlech net vu laanger Dauer.

Um Méinde starte mir op de meechte Plaaze mat wéinege Wollécken an den Dag eran, just lokal, also haaptsächlech an den Däller, kann e bësse Niwwel mat dobäi sinn. Bis an de Nomëtten era ka sech d’Sonn weise kommen, ier et no a no aus östleche Richtunge méi gro gëtt. Trotz de Wollécken, déi do opzéien, sollt et awer op de meechte Plaaze vum Land drëche bleiwen. Eng Schauer kann awer net zu 100% ausgeschloss ginn. D’Temperature packen et op e Maximum vun 11 bis 15 Grad. Um Dënschden erwaart eis bal dat selwecht, just ëmgekéiert. Ufanks ass et nach oft gro a wolléckeg, ier et ab dem Mëtte no a no méi sonnëg a méi frëndlech gëtt. D’Temperature klammen e bësse méi wäit, 14 bis 18 Grad stinn um Programm.

Um Mëttwoch wiessle sech Sonn a Wollécke da viraussiichtlech de ganzen Dag laang of, d’Temperature klammen op mëll Werter vu 15 bis 19 Grad. Laanscht Musel an och an der Ëmgéigend vun der Haaptstad kéinte souguer bis zu 20 Grad areecht ginn.

De Wocheverlaf vun uewen (Loftmassen an 1,5 km Héicht, GFS | wxcharts.com)

Op e Neits kill Loftmassen

De momentane Modellrechnunge no soll et ab der zweeter Wochenhalschend awer scho rem Stéck vir Stéck biergof goen mat den Temperaturen. Et gëtt simuléiert, dass sech méi kill Loftmassen aus dem héije Norden an eis Géigende beweege wärten, wouduerch eis Temperaturen tëschent dem Donneschden an dem Méinde vun der nächster Woch dagsiwwer just nach ëm 10 Grad leie kéinten. An de Nuechte kann et, zumols rem am Norden an an den Däller, bis op de Gefréierpunkt eroofgoen. Mat Chance soll sech d’Wieder ab dem 7. Mee rem verbessere kënnen, mee bis dohinner ass et jo nach e Stéck.