De Wochenausbléck: Bis e Freide nach déifdrockdominant Wieder

Dobaussen ass net méi vill vum Wanterwieder aus de leschten Deeg ze gesinn. Bis iwwert d’Mëtt vun der Woch eraus wäerte mir nach ënner Déifdrockafloss leien, ier sech erëm eppes ännert.

D’Grousswiederlag

De Moment zitt e staarkt Stuermdéif vun de britteshen Inselen aus op Skandinavien zou – schonn muer steet fir déi Géigenden dat nächst Stuermdéif an de Startlächer, wat en änleche Wee wäert aschloen. Heeshct also: Iwwer Nordeuropa rauscht een Déifdrockgebitt nom aneren duerch, iwwerdeems mir et iwwert dem Mëttelmierraum mat héijem Loftdrock ze dinn hunn.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag bis de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Mir zu Lëtzebuerg leie genee dotëscht a wäerten et duerch den Drockënnerscheed tëscht Déif an Héich nach méi oft mat Reen a Wand ze di kréien. Haaptcharakteristik sinn awer virun allem d’Temperaturen, déi vill méi héich wéi dat leie, wat mir an de leschten Deeg gewinnt waren.

De Verlaf

Haut um Méinden erliewe mir e méi turbulente Start an déi nei Woch, virun allem duerch de Wand. Bis ewell goufe Spëtzte vu knapp iwwer 75 km/h gemooss – gréisstendeels sinn d’Spëtzten awer tëscht 60 a 70 km/h ënnerwee. E puer eenzel Schauerlinnen sinn och schonn duerch, déi d’Warscheinlechkeet vun de stiermesche Wandstéiss an d’Luucht drécken. D’Temperature leien de Moment tëscht 7 an 10 Grad, et ass also schonn en Tick méi waarm wéi virausgesot.

Den Dag vu muer verleeft och lëfteg, mee net méi grad esou wéi haut. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 6 an 8 Grad, haaptsächlech vum spéidere Nomëtten u sinn e puer schwaach Nidderschléi ze erwaarden. De Mëttwoch reent et haaptsächlech an der éischter Dageshallschent, mee dat och net all ze vill. Duerno kënne sech e puer Wollekelächer weisen, duerch déi d’Sonn kann duerchschéngen. D’Temperaturen huele sech vir op tëscht 9 an 13 Grad ze klammen.

An da wiere mir schonn an der zweeter Wochenhallschent ukomm. Fir en Donneschde gesäit et no Wollekefelder aus, aus deenen et vum Nomëtten un heiansdo liicht ka reenen. D’Temperature si mat engem Maximum vun tëscht 4 a 6 Grad dobäi, de Wand bléist an de Spëtzte mat zäitweis 40 bis 60 km/h aus westleche Richtungen. E Freide soll eis nach virum Nomëtten eng Kalfront passéieren, hannert där et awer duerch sonneg Momenter däitlech méi frëndlech sollt ginn. D’Temperature sinn tëscht 8 an 11 Grad ënnerwee – lues a lues kënnt méi Héichdrockafloss an d’Spill.

Fir de Weekend ass, Stand elo, mat Héichdrockafloss ze rechnen. Entspriechend ass mat Niwwel ze rechnen, vun dem een hoffe muss, dass e sech opléist. Et ass mat Maximaltemperature vun tëscht 3 a 5 Grad ze rechnen, e Sonnde sollen et 5 bis 8 Grad ginn.

Wéi ass et mam Frascht? Ma virun allem fir d’Nuecht op e Samsde gëtt de Moment Frascht mat ëm -4 Grad net ausgeschloss. Esou kal wéi an de leschten Deeg sollt et awer net ginn.