
Déi lescht Juni-Woch ass ugebrach – a genee elo sinn dann och 30 Grad ze erwaarden. Genéisst et, well et ass keng nohalteg Entwécklung.
Advertisement
D’Grousswiederlag
De Modus bleift ëmmer nach de selwechten, op deen mir eis an Artikele vum 10. a vum 11. Juni gëeenegt hunn: Déi summerlech Phase sinn elo an der zweeter Junihallschent méi warscheinlech ginn, hale sech allerdéngs net onënnerbrach.

Se komme Stoussweis, ier dann erëm eng Kalfront an d’Spill kënnt, déi d’Wiermt ofraumt. Wat déi aktuell Woch betrëfft, gëtt et virun allem vum Donneschden oder Freiden un erëm méi instabil: Aus Weste kënnt eis eng Kalfront méi no, nodeems et bei eis awer bis zu 30 Grad waarm war.
De Verlaf
Haut um Méinde schéngt d’Sonn, zäitweis geselle sech just e puer Wolleke mat dozou. D’Temperaturen erreechen am Nomëtten e Maximum vun tëscht 22 a 26 Grad, punktuell kann eng 27 oder 28 Grad net ganz ausgeschloss ginn. En Dënschde geet et änlech viru, bei vill Sonn si 25 bis 28 Grad ze erwaarden. E Mëttwoch komme viraussiichtlech erëm e puer Cumuluswolleke mat dobäi, duerch déi awer just eenzel Modeller d’Warscheinlechkeet vu schonn eenzelne Schliet gesinn. Et sollt also nach éischter dréche bleiwen bei 25 bis méi schmeiere 29 Grad.
An der zweeter Wochenhallschent gëtt et duerch déi besot Ännerung vun der Grousswiederlag weiderhi méi fiicht – also op d’mannst mol d’Loftmass. 26 bis 30 Grad ginn erreecht, et sinn awer erëm just eenzel Modeller déi d’Warscheinlechkeet vu Schliet gesinn. An der Nuecht op e Freiden oder um Freide selwer soll et awer méi probabel ginn, dass et op d’mannst lokal zu engem Donnerwieder kënnt. E Freide selwer ass, Stand aktuell, mat Maximaltemperature vun tëscht 22 a 26 Grad ze erwaarden.
Da kucke mir och nach kuerz op de Weekend, wéi en aus momentaner Siicht gesi kéint verlafen: Déi “optimisteschst” Modeller gesi fir e Samsden e Maximum vun tëscht 23 a 27 Grad, déi aner Modeller sinn iergendwou bei tëscht 20 a 25 Grad ënnerwee. E Sonnde géife sech Sonn a Wolleken ofwiesslen, iwwerdeems d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi méi niddereg wier wéi um Samsden. De méigleche Range vun den Temperature geet vun 18 bis 27 Grad – et kënnt also, komplett verständlech, nach zu Onsécherheeten.