De Wochenausbléck: Changement an der zweeter Wochenhallschent

Dat momentant Wieder droe mir nach e bësse mat eis, ier et dann an der zweeter Wochenhallschent lues a lues zu engem Changement kënnt.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Bis de Mëttwoch mat bleiwe mir ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock, deen sech awer ëmmer méi wäit an den Osten esouwéi och Süde vum Kontinent zréckzéie wäert. Schold drun sinn Déifdrockgebitter, déi sech vum Atlantik aus a Richtung Dänemark beweegen. Genee dës Déifdrockgebitter wäerten an der zweeter Wochenhallschent fir e Changement bei eis suergen. Et gëtt méi lefteg an och de Reen gëtt no enger méi laanger Zäit erëm en Thema.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Fir den Ufank leie mir jo nach haaptsächlech ënner Héichdrockafloss. Wéi an de leschten Deeg och hu mir also ëmmer nach d’Situatioun, dass d’Prognos vum Niwwel alles anescht wéi liicht ass. Haut um Méinden huet et awer erstaunlech gutt mam Opléise geklappt, d’Sonn schéngt no e puer ufängleche Niwwelfelder iwwer Bierg an Dall. Et ass och direkt en Tick méi waarm, de Moment gi nämlech Temperature vun tëscht 9 an 13 Grad gemooss. Muer um Dënschden ännert sech net vill, soubal de Niwwel fort ass kënnt d’Sonn erëm eraus. No ufängleche Wäerter am Beräich vum Gefréierpunkt ginn am Nomëtten erëm Maximalwäerter vun tëscht 8 an 10 Grad erreecht. E Mëttwoch ass d’Warscheinlechkeet vu Niwwel, deen sech méi laang hale kann, erëm e bësse méi grouss. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 9 an 12 Grad.

An der zweeter Wochenhallschent geet eis den Héichdrockafloss lues a lues verluer. En Donneschde gëtt et ëmmer méi wollekeg, a Richtung Owend & Nuecht op de Freide kënnen eis aus Weste Schaueren erreechen. De Wand gëtt och méi spierbar a kann an der besoter Nuecht och mol Vitesse vun iwwer 50 km/h erreechen. En Donneschde selwer si mir nach mat Maximaltemperature vun tëscht 7 an 10 Grad ënnerwee. E Freide sinn et ëmmer nach 9 bis 11 Grad, trotz Ëmschwong. Et zéie vill Wolleken duerch an et gëtt naass, verschidde stiermesch Berechnunge ginn et och an de Modellkaarten.

E Samsde soll eis dann erëm en Tëschenhéich erwaarden, ier dat dann fir de Sonnde schonn erëm verschwanne sollt. Et kënnt also erëm op mannst e bësse méi Beweegung an d’Spill.