Dës nei Wiederwoch ass zweegedeelt. Fir d'éischt hu mir et mol nach mat Déifdrockafloss ze dinn, ier dann e gréissert Héichdrockgebitt aus Westen hier eragezu kënnt.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Bis Mëtt der Woch leie mir nach ënnert enger variabler westlecher Stréimung. Nodeems de Moien dat lescht Déif lues a lues iwwert eis fort ass, kënnt muer um Dënschden schonn dat nächst eragerauscht. De Moment läit et westlech vun de britteschen Inselen wäert e Mëttwochmëtte mat sengem Kär knapp nërdlech vu Lëtzebuerg leien.
Nodeems dat Déif duerch ass, mécht sech vum Donneschdenowend un en Héichdrockgebitt bei eis breet, wat e puer Stonne virdrun nach iwwert den Azoren louch. Momentanem Stand no soll dëst dann bis ronderëmt de 19. Dezember bei eis bleiwen, eng Optioun op eng Verlängerung gëtt et awer och.
De Verlaf
De meeschte Reen erwaart eis an dëser Woch op alle Fall elo an den éischten dräi Deeg, also bis e Mëttwoch. D’Quantitéite gi vun de Modeller zwar e bëssen ënnerschiddlech berechent, mee mir sollte bis dohin inclus bei tëscht 10 a knapp iwwer 20 l/m² ukommen.
Et wäert awer net un engem Stéck reenen. Haut um Méinden handelt et sech beispillsweis meeschtens ëm geréngfügeg Nidderschléi wéi Niwwel an héchstens liichte Reen. Virun allem elo vum Nomëtten u ginn och e puer sonneg Momenter e bësse méi warscheinlech bei 7 bis 11 Grad. De Wand huet awer och nach e Wuert matzeschwätzen: Dëse kann an de Spëtzten duerchaus mol 60 km/h aus westleche Richtungen erreechen.
Muer um Dënschden hu mir erëm richteg Schaueren ze erwaarden, déi sech och nach bis an de Mëttwoch eran zéien. D’Temperature packen et ëmmer nach op 8 bis 11 Grad. E Mëttwoch selwer soll et aus aktueller Siicht gesinn besonnesch an der éischter Dageshallschent nach naass ginn, ier et no a no méi dréche gëtt. Bei 7 bis 9 Grad sinn elo nach keng all ze grouss Ënnerscheeder ze bemierken.
An dann kënnt d’Héichdrockgebitt
Vum Donneschden u beaflosst dat besot Héichdrockgebitt eist Wieder. Doduerch geet et fir de Rescht vun der Woch zimmlech roueg virun – weder de Wand nach de Reen sinn e grousst Thema. Een, deen sech awer elo vill Sonn erwaart, deen muss sech awer e bësse bremsen: Héichdrockafloss am Wanter hänkt ganz oft mat méi décke Niwwelfelder zesummen. Kréien déi sech net fréi genuch opgeléist, da kann et och trotz gudde Prognosen de ganzen Dag gro bleiwen.
Vun den Temperaturen hier si mir en Donneschde bei 3 bis 6 Grad ënnerwee, e Freide bei viraussiichtlechen 4 bis 7, e Samsde bei 5 bis 7 an e Sonnde bei 7 bis 9 Grad. Frascht ass net wierklech ze erwaarden – just an der Nuecht op e Samsde kënne lokal ëm 1 Grad an domat och Buedemfrascht net ausgeschloss ginn.