De Wochenausbléck: Däitlech ze waarm fir wanterlech Konditiounen

An der neier Woch bleift de Wand zäitweis spierbar an och eng ganz Partie Wolleke wäerten eis weiderhi begleeden. Wat awer besonnesch erausstëcht, sinn d’Temperaturen. Et soll nämlech bis em 8 Grad méi waarm ginn, wéi et normalerweis fir dës Joreszäit normal wier.

Bis zu 15 Grad um Dënschde méiglech

Wat des Woch besonnesch opfale wäert, sinn déi vill ze héich Temperaturen. Et ass mat enger Temperaturanomalie vun em 8 Grad ze rechnen – wat bedeit, dass et 8 Grad méi waarm ass wéi dat, wat duerchschnëttlech gesinn eigentlech fir des Joreszäit normal wier. Wanterlecht Wieder wäert sech elo also rem fir eng Zäitche nach manner duerchgesat kréie wéi souwisou schon.

Mir starte mat ville Wolleken an déi nei Woch eran, um Méindemoie kënnt et mol nach zu Schaueren ier et am Laf vum Dag méi drëche gëtt. 8 bis 12 Grad sinn ze erwaarden. An der Nuecht op den Dënschde bleift et staark bedeckt, reene sollt et awer net. Och um Dënschde selwer dominéieren d’Wolleke weider, mat Chance kéint sech awer am spéidere Mëtte mol kuerz d’Sonn dotëscht weise kommen. Am spéidere Nomëtte kann dogéint awer och mol eng eenzel Schauer net ausgeschloss ginn. D’Temperature klammen op 11 bis 15 Grad – wouduerch et de viraussiichtlech wäermsten Dag vun der Woch kéint ginn.

D’Temperaturanomalie iwwert déi ganz Woch gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Keng gréisser Ännerung an zweeter Wochenhalschend

An der zweeter Wochenhalschend gëtt et keng gréisser Ännerungen, ausser dass d’Wahrscheinlechkeet vu Schaueren e bëssen ze klamme schéngt. De Mëttwoch ass nach bis an de fréie Nomëtten era mat Schaueren ze rechnen, ier et no a no manner wollekeg an och manner naass gëtt. D’Temperature klammen op 7 bis 10 Grad. Um Donneschde kënnt de Reen bei 9 bis 13 Grad am Laf vum Dag zréck op Lëtzebuerg, dobäi gëtt et mat Wandspëtzte vu 40 km/h och e bësse méi lefteg. De Freide gëtt aus aktueller Siicht gesinn en och éischter groen Dag, just kuerzzäiteg kann am Virmëtte mol eng méi frëndlech Phase asetzen. Et reent ëmmer rem bei 8 bis 11 Grad. Och um Weekend bleiwe mir net vun e puer Schauere verschount, haaptsächlech um Sonnde soll et rem méi an och méi groussflächeg reene kënnen. Um Samsden ass mat 8 bis 11 Grad ze rechnen, de Sonnde mat 7 bis 11 Grad.