De Wochenausbléck: Dag vir Dag méi waarem, Nuechten awer fraschteg

D’Ännerung huet sech de Samsde confirméiert: Am Laf vun dëser Woch wärt sech no a no eng stabil Héichdrocklag astellen. Gläich war et dat also mam groen, naassen a leftege Wieder!

No a no méi sonneg a méi mëll

Mir steieren an de nächsten Deeg op méi héich Temperaturen duer. Et gëtt awer net nëmme méi waarem, mee virun allem no a no méi drëchen a souguer de Wand wärt no laanger Zäit mol rem méi gemitterlech blosen.

Trotz den ugekënnegte Besserunge, starte mir nach liicht onbestänneg an déi nei Woch eran. Et ass nach oft wolléckeg, dobäi kann et platzeweis nachengkéier zu der enger oder anerer Schauer kommen. Et ass mat 5 bis 8 Grad éichter kill, de Wand ass awer dëskéier nëmme liicht spierbar aus Nordwesten ënnerwee. An de Spëtzte si mol 30 km/h méiglech. Ab dem Nomëtte klëmmt d’Chance vun e puer sonnege Momenter.

D’Besserung kënnt réicht ab dem Dënschde lues a lues an d’Spill: De Schauerrisk ass nach e Stéck méi niddreg, bei e puer méi décke Wollécke kënnt sech d’Sonn heiansdo weisen. Mat bis zu 10 Grad gëtt et nach bësse méi mëll an de Wand ass sou gutt wéi keen Thema méi. Och de Mëttwoch begleeden eis nach e puer Wollécken duerch den Dag, woubäi d’Sonn awer och hier Momenter kritt. Et solle scho Maximalwerter vun em 14 Grad areecht ginn.

Déi zweet Wochenhalschend gesäit et den aktuelle Modeller no no nach e bësse méi Sonn aus, déck Wollécke ginn éichter rar. Den Donnëschde sollen d’Werter op iwwer 15 Grad klammen, genee wéi och de Freiden an och um Samsden. Tëschenduerch besteht e minimale Schauerrisk, bei dem et awer op den allermeechte Platzen drëchen ze bleiwe schéngt. Réicht ab dem Dënschde/Mëttwoch kann ee méi genee op déi zweet Wochenhalschend agoen.

GFS: Héichdrock mecht sech breet (wxcharts.com)

Nuechten: Frascht a lokal glaat Stroossen

Et gëtt am Dag wuel méi waarem, allerdéngs wärt et an Zäit vun de nächsten Deeg ëmmer méi verbreet an de Nuechten zu Frascht komme kënnen. Dëst läit dorunner, dass manner Wollécken an der Nuecht ënnerwee sinn, deelweis och guer keng. Et kann also gutt ofkillen, soudass d’Temperaturen op ville Platzen op ëmt de Gefréierpunkt an och mol drënner faale kënnen. Duerch Nätzt, déi fréiert, kéint et dann u verschiddene Streckenofschnëtter mol glaat ginn. Dëst sollt awer kee flächendeckend Thema ginn.