De Wochenausbléck: D’Déifdrockstrooss beweegt sech net vum Fleck

D’Grousswiederlag huet ëmmer nach net grouss geännert an dat wäert se an dëser Woch och nach net wierklech. Et geet elo ongemittlech virun, mee mir kucken eis awer mol déi eenzel Deeg kuerz un.

D’Grousswiederlag

D’Déifdrockstrooss, wéi mir se an de leschte Woche gedeeft hunn, bleift och an de nächsten Deeg weiderhin iwwert eis pechen. Eis erwaarden also weidere Reen, stiermesch Ofschnëtter a mat Chance och mol e puer sonneg Momenter. Stabilen Héichdrockafloss ass awer och ëmmer nach net ze erwaarden.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag bis e Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Gëschter konnt ech leider kee Wochenausbléck bréngen, mee dann huele mir dat einfach elo no. Haut um Dënschden gëtt et schonn erëm no a no méi naass an och méi lefteg, wat mat engem Randdéif zesummenhänkt wat amgaangen ass, a Richtung Däitschland ze zéien. De Moment hu mir et nach mat méi liichtem Reen ze dinn, mee am Laf vum spéidere Nomëtten/Owend kann aus Westen och méi kräftege Reen op eis iwwergräifen. Wat de Wand betrëfft, kuckt Iech w.e.g den aneren Artikel vun haut de Mëtten un. Trotz dem ongemittleche Wieder erreechen eis Temperaturen e Maximum vun tëscht 10 a 14 Grad.

Muer um Mëttwoch ass weiderhi mat Nidderschléi ze rechnen, mee déi generell Chance op eenzel sonneg Momenter ass e bësse méi héich wéi an de vergaangenen Deeg. D’Temperature leien an de Moiesstonne bei tëscht 6 an 10 Grad a packen et am Nomëtten op tëscht 9 an 11 Grad – kee groussen Ënnerscheed also. A Richtung Owend a Nuecht gëtt et ëmmer méi dréchen an d’Wolleke ginn och manner, dofir sinn awer trotzdeem Niwwelfelder ze erwaarden. D’Temperature maachen e gudde Krack zréck a kënne bis an den Donneschdemoien eran am negative Beräich landen.

En Donneschde starte mir wuel liicht wollekeg bis dréif duerch Niwwelfelder bei Temperaturen vun 2 bis 5 Grad am Norden a bis zu 7 Grad am Süden. Am Nomëtten ass e Maximum vun 8 Grad dran, de Reen hält sech awer nach bis an de spéidere Nomëtten eran zréck. Duerno kann et dann bis an déi fréi Nuecht eran zimmlech naass ginn, dat fläit och mat méi kräftegen Intensitéiten. Bei Temperaturen, déi op knapp iwwert de Gefréierpunkt zréckginn, kann och déi eng oder aner Flack net ausgeschloss ginn. Dozou kënnt awer eng aner Kéier e méi konkreten Artikel.

E Freide bleift et, ofgesi vun der éischter Dageshallschent, meeschtens dréchen. E Samsden an e Sonnde sinn eng Partie Schaueren dobäi. E Freide si mir bei Maximalwäerter vun tëscht 7 a 9 Grad ënnerwee, de Weekend selwer bei 9 bis 12 Grad. Deemno wéi sinn erëm stiermesch Entwécklungen ze erwaarden.