
Mir hunn et weiderhi mat héijem Loftdrock ze dinn, dat nach bis Enn der Woch. An Tëschenzäit fannen däitlech méi niddereg Temperaturen hire Wee zréck op Lëtzebuerg.
D’Grousswiederlag
Bis de Mëttwoch inclus leie mir gréisstendeels ënner Héichdrockafloss, iwwerdeems dobaussen um Atlantik déiwe Loftdrock um laangen Hiewel ass. Duerch déiwe Loftdrock iwwer Russland fannen awer och méi kill Loftmassen hire Wee zréck op Lëtzebuerg, déi mir virun allem an de Nuets- a fréie Moiesstonnen ze spiere kréien. Vum Donneschden un ass mat engem Ëmschwong ze rechnen, dat duerch e grousst Déifdrockgebitt iwwert dem Atlantik an héije Loftdrock iwwert dem ëstleche Kontinent. D’Stréimung dréint méi op westlech Richtungen an dréit eis erëm méi mëll Loftmassen op Lëtzebuerg, déi dem aktuelle Stand no iwwert de Weekend bei eis bleiwe sollen.

De Verlaf
Um Méinde si mir mat ville Wolleken an den Dag eragestart, déi am Laf vum Mëtten a Nomëtten awer manner d’Soen wäerten hunn. Wa mir Chance hu, ka sech d’Sonn esouguer nach weisen ier se ënnergeet. D’Temperature packen et op e Maximum vu 4 bis 7 Grad, et ass also nach zimmlech mëll. An der kommender Nuecht mierke mir dann, dass mir esou lues erëm ënnert den Afloss vu méi kille Loftmasse kommen – d’Temperature ginn op tëscht -2 a -4 Grad zréck, an eenzelnen Däller sinn och mol bis ëm -6 Grad net ausgeschloss. Um Dënschden erwaart eis e schéinen a sonnegen Dag, déi eenzeg Viraussetzung dofir ass déi, dass sech de Niwwel opgeléist kritt. Mat Maximaltemperature vun tëscht 1 an 3 Grad mierkt een den Temperaturréckgang elo och dagsiwwer. De Mëttwoch hu mir erëm e ganz änlechen Dag, un deem et richteg frëndlech a sonneg gëtt, wa sech de Niwwel opléist. -1 bis 2 Grad stinn als Héchstwäerter un, dat no engem kille Start mat Wäerter vun tëscht -6 a -3 Grad.
An der zweeter Wochenhallschent fänkt et un, méi gro ze ginn. Dëst läit dodrun, dass sech den héije Loftdrock erëm vun eis ewechbeweegt an erëm déiwe Loftdrock, dee vum Atlantik hier bei eis fënnt, d’Haaptroll iwwerhëlt. Duerch dës Beweegung an d’Ännerung vum Stréimungsmuster gëtt et och erëm séier méi mëll – sou sollen um Donneschden Temperature vun tëscht 6 a 9 Grad erreecht ginn, nodeems mir moies fréi awer nach mat Frascht an den Dag erastarten. Trotz ville Wolleke sollt et awer dréche bleiwen. Um Freiden, also un Hellegowend, wieren tëscht 6 an 10 Grad als Maximaltemperaturen dran. Dobäi soll et de momentane Modellrechnunge no duerch Niwwel a Reen ëmmer erëm naass ginn. Chrëschtdag gesäit och no engem éischter groen a leider mëllen Dag aus, dat mat 6 bis 10 Grad a mat kenge nennenswäerte Nidderschléi. De Sonnde soll ganz änlech verlafen.