De Wochenausbléck: De Reen gëtt méi rar

Wéini hält et mol op ze reenen? Dat ass eng Fro, déi de Moment nawell zimmlech vill gestallt gëtt. Dës Woch schéngt et dann esouwäit ze sinn.

Advertisement

Kuerz manner variabel & d’Grousswiederlag

Déi méi variabel Phas wäert an de nächsten Deeg zwar gebremst ginn, mee op Dauer och net komplett verschwannen. Temperaturméisseg sinn och Zenarien a noer Zukunft ze gesinn, déi eis aus eisem momentanen Temperaturberäich eraushiewe kéinten. Ier mir eis dat alles elo geschwënn awer méi am Détail ukucke, wëlle mir jo natierlech wëssen, wat mir elo an dëser Woch ze erwaarden hunn.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Vun der Grousswiederlag hier wäert sech vum Atlantik hier ëmmer méi en Héichdrockgebitt a Richtung Europa ausbreeden. Dës Beweegung féiert dozou, dass et méi frëndlech an domat och, wéi gesot, manner variabel bei eis gëtt. Bis en Donneschden wier dat mol zimmlech sécher de Fall, a mat vill Chance eventuell esouguer bis e Sonnden. Wat d’Temperature betrëfft heescht dat awer trotzdeem net, dass et elo poulriicht no uewe geet.

Zäitweis nach eng Kéier kuerz Frascht méiglech

Dass mir ënner Héichdrockafloss gerode bréngt eis zwar generell méi frëndlecht Wieder, mee d’Stréimung déi sech doraus ergëtt bréngt eis kuerzzäiteg méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg. Wa mir eis elo déi potenziell keelst Nuecht erauszéien, da wier dat déi op den Donneschden. De Modeller no wiere besonnesch am Norden an den Däller nach eng Kéier ëm 2 Grad als Minimaltemperatur méiglech, Buedemfrascht wier do also och mol mat dobäi. Déi empfindlech Planzen hunn et also nach net ganz iwwerstanen.

Vun den Dagestemperaturen hier beweege mir eis haut bei 14 bis 19 Grad, muer bei 10 bis 14 Grad, e Mëttwoch bei 12 bis 15 Grad, en Donneschde bei 12 bis 17 Grad an de Weekend gëtt sech viraussiichtlech erëm a Richtung 20 Grad geschafft.

Wéi ass et dann elo mam Reen?

D’Warscheinlechkeet vun enger Schauer ass haut e Méinden zwar nach do, mee et sollt trotzdeem op de meeschte Plazen dréche bleiwen. En Dënschde geet se nach en Tick zréck, an e Mëttwoch ass se schonn bal guer net méi do. Duerch d’Héichdrockgebitt gëtt et also e bësse méi kill, mee de Reen kéint eis wierklech fir e puer Deeg esou zimmlech erspuert bleiwen. Déi nächst méi däitlech Warscheinlechkeet fir nennenswäerte Reen géifen eis dann entweder e Sonndenowend oder an enger gudder Woch an de Kaarte stoen, dat zesumme mat engem Risk fir Donnerwieder.