Nodeems mir an de leschten Deeg schonn lues a lues op de Risk vu grousse Reenzommen opmierksam gemaach hunn, bleiwen d’Modeller och weiderhin dobäi. Dës Woch musse mir op d’Zänn bäissen.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Et ass en Déifdrockgebitt, wat iwwert dem westleche bis südwestlechen Europa läit. Dëst gräift ëmmer erëm a Richtung Nordosten aus a bréngt gréisseren Deeler vu Mëtteleuropa markante Reen. Deemno wéi kënne bis Enn der Woch och punktuell méi zolitt Quantitéiten erofkommen, dohier ass d’Situatioun definitiv fir am Aen ze halen.
Duerch dës Entwécklungen wäerten eis Temperaturen och zréckgoen. Vum fréisummerleche Wieder geet et erëm op ëm déi 20°C zréck.
De Verlaf
Haut um Méinden hu sech an eiser Groussregioun schonn eenzel Schaueren an Dimmere forméiert, mee d’Sonn kënnt nach tëschenduerch eraus. An de nächsten Deeg wäerte mir gutt mierken, wéi et no a no méi schlecht gëtt. Muer um Dënschde geet et nach méi oder manner frëndlech un, ier et am Laf vum Dag méi wollekeg gëtt. Spéitstens vum Mëtten u kënnen erëm eenzel Schaueren optrieden, all ze vill Reen sollt awer nach net erofkommen. D’Nuecht op e Mëttwoch gëtt méi interessant, well do e gréissert Reegebitt iwwert eis ewechzéie soll – dëst suergt dann fir Dauerreen zu Lëtzebuerg.
E Mëttwoch selwer gëtt et nach bis an de fréie Nomëtte groussflächeg naass, ier d’Aktivitéit am Nomëtte liicht noléisst – och sonneg Momenter si méiglech. An der Nuecht op en Donneschden, resp. en Donneschdemoie fréi, geet erëm d’Warscheinlechkeet vun engem méi groussflächegen Dauerreen-Event an d’Luucht. D’Modeller si sech just nach net doriwwer eenz, ob et direkt iwwert eis ewechzitt oder nëmme knapp un eis laanschtgeet. En Donneschde géif et dem aktuelle Stand no och ëmmer erëm naass ginn.
E Freide soll et mam kräftege Reen virugoen. D’Modeller sinn der Meenung, dass eis entweder an der Nuecht oder och am Laf vum Nomëtten schonn erëm e gréissert Reegebitt kann erreechen. Fir e Samsden an e Sonnden wier de Risk vun Donnerwiedere weiderhin erhéicht, déi sech net séier vu Plaz beweegen punktuell begrenzt wäert an eiser Groussregioun also dann eng gewëss Onwiedergefor bestoen, och wann een elo nach net genee ka soe, wou dat de Fall wäert sinn.
Wéi sech d’Temperaturen entwécklen
Muer um Dënschden ass mat 20 bis 24 Grad ze rechne, lokal ass eppes driwwer net ausgeschloss. E Mëttwoch an en Donneschde wiere mir just nach bei knapp ënner 20 Grad ënnerwee. Och um Freiden a Samsden ginn d’20 Grad éischter net erreecht, mat enger klenger Chance awer erëm vum Sonnden un.