De Wochenausbléck: De Wanter ass zréck, an de Nuechte méi markante Frascht méiglech

D’Wiedermodeller kippen op Wanter, besonnesch a Saache Keelt. Elo an der neier Woch musse mir eis wuel erëm op Scheiwe-Krazen astellen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Nodeems eis haut um Méinden e Randdéif d’Wieder duercherneengehäit huet, gerode mir an de nächste Stonnen an Deeg ënnert den Afloss vun engem Déifdrockkomplex, deen iwwer Skandinavien läit. Am Laf vun der zweeter Wochenhallschent soll d’Keelt, déi duerch dëse Komplex an eis Géigende gezunn ass, duerch e gréissert Héichdrockgebitt bei eis gehale ginn. Iwwerdeems den amerikanesche Modell déi niddereg Temperature bis de Sonnden inclus bei eis bleiwe gesäit, ass den ECMWF der Meenung, et kéint erëm kuerz viru Schluss vun der Woch méi waarm ginn. Dat ass dann awer en Thema fir eng aner Kéier.


De Verlaf vun der Grousswiederlag bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Fest steet: Et gëtt däitlech méi kal – an zwar esou, wéi et an engem Lëtzebuergesche Wanter normal ass.

De Verlaf

Den Dag vun haut war immens ongemittlech, dat duerch vill Reen, plazeweis och Schnéireen a Schnéifall. An de fréie Moiesstonnen huet et plazeweis och méi kräfteg geschneit, leie bliwwen ass e bëssen eppes op de Koppen. Och dat war awer net vun Dauer, well duerch eng net viraussobar kuerzfristeg Ännerung vum Trajectoire vum klenge Randdéif d’Temperature méi héich geklomme sinn wéi geduecht, wat dës minimal Schnéicouche séier erëm schmëlze gelooss huet an esou och d’Chancen op d’Schnéischauere generell am ganze Rescht vum Land erofgedréckt hunn.

Muer um Dënschden hu mir et an de Moiesstonne mat Wolleken a Niwwel ze dinn, dagsiwwer si vill héich Wolleken ënnerwee. D’Chancen op sonneg Momenter sinn also begrenzt, d’Temperature leien an de Fréistonne bei -3 bis 0 Grad a packen et am Nomëtten op -2 an 2 Grad. E Mëttwoch hu mir weider d’Situatioun, dass Niwwel méiglech ass. Léist sech dësen awer op, da ka sech d’Sonn tëscht e puer méi décke Wolleke weise kommen. Fir d’Fréistonne rechent den europäeschen ECMWF mat -8 bis -4 Grad am äusserste Norde, soss sollen et -3 bis -1 Grad sinn. Am Nomëtte ginn -2 bis 2 Grad ugepeilt.

Déi zweet Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent gëtt et um Donneschden erëm eng kleng Chance op Schnéischaueren, dat duerch e klengt Randdéif wat vun der Nordséi hier eragezu kënnt. Siginifikante Nidderschlag ass dobäi awer keen ze erwaarden. No moientleche Wäerter vun tëscht -5 a -2 Grad ginn dagsiwwer -1 bis 1 Grad erreecht. Et ass also plazeweis och erëm Dauerfrascht ze erwaarden. Och e Freide ginn no ufängleche -10 bis -6 Grad am Norden a -7 bis -5 Grad am Rescht vum Land am Nomëtten -1 bis 2 Grad erreecht. Duerch den Héichdrockafloss bleift et dréchen.

Och fir de Weekend gesäit et net no ville Nidderschléi aus, well mir weiderhin ënnert dem Héichdrockafloss leie wäerten, deen sech am Laf vum Donneschden jo bei eis breetgemaach huet.