De Wochenausbléck: Den éischten hierschtleche Bonjour

Ech hoffen, Dir hutt déi bal 30°C vun e Samschde genoss – elo kënnt nämlech den ugekënnegte markanten Temperaturréckgang. Punktuell kann och Nuechtfrascht net ausgeschloss ginn.

Advertisement

D’Grousswiederlag

D’Zoufuer vu méi waarme Loftmassen aus südëstleche bis südwestleche Richtunge gëtt an dëser Woch ënnerbrach. Schold drun ass Déifdrockafloss, deen aus dem Raum Island kënnt a mat sengem Kär bis an de Norde vun de britteschen Inselen wäert ausgräifen. Den Aflossberäich vun dësem Déif geet awer esouguer bis erof an de Mëttelmierraum, wat duerch d’Ënnerstëtzung vun engem Héichdrockgebitt zustane kënnt, wat sech vun den Azoren aus an Irland an duerno an de Weste vu Frankräich verlagert.


De Verlaf vun de Loftmasse fir dës Woch. Déi summerlech bis héichsummerlech Deeg si gezielt, op d’mannst mol wat déi nächst siwen Deeg ugeet | Animatioun: wxcharts.com

Mam summerleche Wieder ass et also, op d’mannst fir déi nei Wiederwoch, eriwwer. Déi keelst Loftmassen erreechen eis viraussiichtlech vum Mëttwochowend un an zéie sech bis an de Samschden eran.

De Verlaf

Haut um Méinden dréint en Déifdrockkär seng Kreeser nëmme knapp nërdlech vu Lëtzebuerg. Engersäits gëtt et doduerch duech Schaueren ëmmer erëm naass, anerersäits ka sech dotëscht och mol den een oder anere sonnege Moment aschläichen. A Richtung spéideren Owend an och Nuecht ginn d’Nidderschléi ëmmer méi rar, d’Temperature packen et dagsiwwer nach op 16 bis 20°C. Muer um Dënschden zerfällt dëst Déif iwwer Osteuropa, ier aus Weste neien Déifdrockafloss erakënnt. Ier dat awer geschitt, zéie vill Wolleken duerch an et ass dagsiwwer gréisstendeels dréchen. D’Temperature packen et just nach op 13 bis 17°C. Et ass haaptsächlech eréischt vum Owend un, wou et no a no erëm méi naass gëtt. An der zweeter Nuetshallschent kann de Reen och méi kräfteg ginn.

E Mëttwoch gëtt et um fréie Moie nach naass, wat sech awer vum Virmëtten u séier ännert. Aus Weste lackert et ëmmer méi op, bis owes spéit gëtt et ëmmer manner wollekeg an d’Sonn kritt sech dagsiwwer ëmmer besser gewisen. D’Temperature si bei 12 bis 15°C ënnerwee, bei engem klore bis deels dréiwen Himmel duerch Niwwelfelder ginn d’Temperature bis de fréien Donneschdemoien op bis zu 3°C an den Däller zréck, je no Modell kéint et esouguer fréieren. Aus aktueller Siicht gesi kommen am Laf vum Virmëtte vum Donneschde nei Schaueren op, iwwerdeems et tëschenduerch erëm zu kuerze sonnege Momenter kënnt. Fir d’Nuecht wier et awer erëm meeschtens dréche bei killen 3 bis 6°C.

De Weekend gesäit guer net mol esou schlecht aus, bis op d’Temperaturen. E Freide solle sech Sonn a Wolleken ofwiesselen, iwwerdeems et iwwert d’Mëttesstonn bis an de Nomëtten eran och zu eenzelne Schauere ka kommen. Bei 12 bis 15°C hu mir awer alles anescht wéi T-Shirt-Wieder. Am Laf vum Owend, mat Chance schonn méi fréi, gëtt den Himmel méi kloer an et gëtt méi dréchen. E Samschde wiessele sech Sonn a Wolleken of, et sollt net reene bei 11 bis 15°C. De Sonnde gesäit et ganz änlech aus, dat bei 13 bis 17°C.