De Wochenausbléck: Den Héichsummer kënnt kuerz zréck

An der neier Wiederwoch gëtt et zäitweis méi variabel, alles an allem bleiwen d’Temperaturen awer am summerleche Beräich. Kuerzzäiteg kënne se souguer op iwwer 30 Grad an den héichsummerleche Beräich klammen.

Temperature sinn erëm um Wee no uewen

De Méinden hu sech Sonn a Wolleken ofgewiesselt, just ganz punktuell ass et mol fir eng schwaach Schauer duergaangen. De Reen ass a bleift an de nächsten Deeg en éischter raren Artikel, haaptsächlech well e, wann en dann optrëtt, sech nëmmen eng begrenzt weist. Et ass kee groussflächege Reen fir dat ganzt Land ze erwaarden.

Den Dënschde geet et mat engem klengen Donnerwiederrisk virun, op de mannste Plaze gëtt et awer naass. D’Temperature klammen op e Maximum vun 21 bis 26 Grad, d’Sonn kënnt sech trotz de Wolleke niewebäi weisen. De Wand bléist liicht spierbar aus Westen, am Fall vun engem Wieder si méi markant Wandstéiss méiglech. An der Nuecht op de Mëttwoch verschwannen d’Wolleken erëm no a no, d’Temperature ginn op 16 bis 13 Grad zréck. Et kläert op. Um Mëttwoch selwer wiessle sech Sonn a Wolleken of, 24 bis 28 Grad stinn um Programm. Et bleift meeschtens dréchen (trotz minimaler Reewarscheinlechkeet) ier et an eng wollekeg a nawell waarm Nuecht op den Donneschde geet. D’Wäerter hale sech tëscht 17 an 20 Grad op.

D’Loftmasse bis de Sonnden (GFS – wxcharts.com)

Meeschtens just punktuell naass

Den Donneschde kréie mir et mat engem änlechen Dag ze dinn, Sonn a Wolleke wiessle sech of iwwerdeems am Nomëtten e minimalen Donnerwiederrisk besteet. Et bleift, Stand aktuell, awer gréisstendeels dréchen. Et gi Maximaltemperature vun 30 bis 35 Grad areecht. Um Freide passéiert eis eng Kalfront, duerch déi am Nomëtten d’Warscheinlechkeet vu Schaueren an Donnerwieder an d’Luucht geet. Et gi nach Maximaltemperature vu 25 bis 32 Grad areecht. Um Samsde sti nach 22 bis 27 Grad um Programm, de Sonnden 18 bis 24 Grad. Sonn a Wolleke wiessle sech of, zäitweis kann eng ganz vereenzelt Schauer net ausgeschloss ginn. Groussflächege Reen ass awer ëmmer nach net a Siicht.