De Wochenausbléck: D’Temperatur-Achterbunn geet virun, dobäi net vill Reen

Trotz dem variable Muster vun der Grousswiederlag erwaart eis och an dëser Woch net vill Reen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Och an dëser Woch leie mir weiderhin ënnert enger variabler Weststréimung, déi duerch héije Loftdrock iwwer Südeuropa an déiwe Loftdrock iwwert dem Norden zustane kënnt. Dotëscht gräift och mol zäitweis liichten Héichdrock op Mëtteleuropa iwwer, wäert sech awer net kënnen duerchsetzen. Doduerch schwanken eis Temperaturen, de Reen hält sech awer leider weiderhin zimmlech zréck.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis e Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

E Méinde wiessle sech Sonn a Wolleken of, genee wéi och en Dënschden. Et ginn zwar Signaler fir minimalen a lokale Nidderschlag an de Modellrechnungen, mee déi musse sech net onbedingt an d’Realitéit iwwersetzen. Haut gi Maximaltemperature vun tëscht 20 a 24 Grad ugepeilt, ier et dann muer fir en Dënschde mat 24 bis 29 Grad erëm en Tick méi waarm gëtt. Grond dofir ass erëm e kuerzzäitege Virstouss vu méi waarme Loftmassen aus dem Süde vun Europa.

E Mëttwoch kommen erëm e puer Wolleke mat dobäi, bis an de fréie Nomëtte besteet eng kleng Warscheinlechkeet vu Schaueren. Mat 22 bis 26 Grad gëtt et zwar net méi esou waarm, et ass awer ëmmerhin nach summerlech an alles anescht wéi kal. En Donneschden soll eis e ganz änlechen Dag erwaarden, dat bei Dageshéchsttemperature vun tëscht 22 a 26 Grad.

E Freide besteet eng kleng Warscheinlechkeet vun enger lokaler Schauer, ier sech dann duerno Sonn a Wolleken ofwiesslen. Eis Temperature beweege sech tëscht 23 a 27 Grad. E Samsde geet et mat 22 bis 27 Grad änlech virun, Sonn a Wolleke wiessle sech of. Och fir e Sonnden ass bis ewell keng gréisser Ännerung a Siicht, dobäi klammen d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 22 a 26 Grad. E gréisseren Ënnerscheed mécht den amerikanesche GFS, deen esouguer bis ëm 33 Grad op eis duerkomme gesäit. Mol kucke wéi et sech entwéckelt…