De Wochenausbléck: D’Temperature ginn zréck, Schaueren ze erwaarden

An dëser neier Wiederwoch kréie mir de méi laang ugekënnegten Ëmschwong: Eist Héich aus de leschte Wochen huet sech verzunn, Déifdrockgebitter entscheeden elo iwwert de weidere Verlaf.

Advertisement

D’Grousswiederlag

An dëser neier Wiederwoch erstreckt sech e ganzt Band un Déifdrockgebitter vu Südwesteuropa a Richtung Polen an och aner Deeler vun Osteuropa. Just tëschenzäitlech soll mol liichten Héichdrockafloss kënne matmëschen, deen eis an der zweeter Wochenhallschent vun der Nordséi hier méi no kënnt – ob dësen awer eng entscheedent Roll “däerf” spillen, muss ofgewaart ginn.


De Verlaf vun de Loftmasse laut europäeschem Modell | Animatioun: wxcharts.com

Alles an allem erreechen eis däitlech méi kill Loftmasse wéi an de leschten Deeg, wat och dozou féiert, dass et zu Schauere kënnt. E kuerzt Dimmer ass och net onméiglech.

De Verlaf

Haut um Méinde mécht sech e Changement bemierkbar. Momentan (10.03.2025 – 10:45) mierke mir, dass et aus südleche Richtungen hier no a no méi wollekeg gëtt. De Radardonnéeë no leie schonn déi éishct geréngfügeg Nidderschlag nëmme nach knapp südlech vun Esch a beweege sech ganz lues weider an eist Land eran. Am weidere Verlaf vum Dag hëlt d’Warscheinlechkeet vu schwaache Nidderschléi zou, fir den Ufank ass dat awer primär an der Südhallschent de Fall. A Richtung Owend kënne se sech och bis an d’Mëtt esouwéi och an Deeler vum Nordweste vum Land viruschaffen – mee all ze relevant falen dës ëmmer nach net aus. D’Temperature packen et op 12 bis 15°C. Muer um Dënschde ginn d’Loftmasse liicht méi “instabil”, wat heescht, dass engersäits weiderhi Schauere méiglech sinn. Anerersäits heescht dat awer och, dass e puer vereenzelt Dimmeren och net onméiglech sinn. Wat dat betrëfft ass et awer wichteg ze betounen, dass keng Intensitéite wéi bei den typesche Summerdonnerwieder erreecht ginn. D’Temperature packen et op 8 bis 13°C.


Den europäesche Modell weist sech ëmmer nach mat e puer Flacken – wat awer ëmmer nach mat Virsiicht ze genéissen ass | Grafik: wxcharts.com

Vu Mëtt der Woch u gëtt de Verlaf nach en Tick méi onsécher: Generell gëtt bis Enn der Woch zäitweis mat vereenzelte Schauere gerechent, mee hei kënnen d’Loftmassen den Ënnerscheed maachen. Den europäesche Modell gesäit spéitwanterlech Loftmassen an der Héicht op eis duerkommen, duerch déi virun allem fir en Donneschden och mol nach vereenzelt Flacke berechent ginn. Zur selwechter Zäit mécht den amerikanesche Modell d’Loftmassen net grad esou kill a gesäit am Fall vu Schaueren ëmmer nach haaptsächlech Reen. Wa mir no der potenziell rouegster Phas vun der Woch sichen, da kéim momentan de Samschden an e Sonnden a Fro.

Temperaturméisseg musse mir doduerch och logescherweis méi genee kucke, wéi et sech entwéckelt: Déi eng Modeller gesinn, dass et fir Enn der Woch méi kill gëtt – iwwerdeems den amerikanesche Modell schonn erëm eng liicht Erwiermung gesäit. Et ass also momentan erëm eng méi kniffleg Situatioun.