Eis steet endlech mol eng e bësse méi stabil Wiederlag an d’Haus. D’Temperature klammen an och d’Sonn weist sech vill besser.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Muer um Mëttwoch läit wärend der éischter Dageshallschent nach minimalen Déifdrockafloss iwwert de westlechen Deeler vun Europa, iwwerdeems sech awer ëmmer méi héije Loftdrock vu Süden hier um Kontinent breet mécht. Bis de Samsde wäert eis dësen Héichdrockafloss erhale bleiwen, ier dann erëm de Risiko vun Donnerwieder an d’Luucht geet. Wat dat betrëfft, sinn de Samsdenowend an och de Sonnden am Aen ze halen.
D’Kombinatioun aus héijem Loftdrock iwwert eise Käpp an déiwem Loftdrock iwwert dem Atlantik féiert dozou, dass summerlech bis héichsummerlech Loftmassen aus dem Mëttelmierraum ugezapt ginn.
De Verlaf
Muer um Mëttwoch besteet nach eng kleng Warscheinlechkeet vu punktuell begrenzten a ganz liichte Nidderschléi, déi awer a Richtung spéidere Nomëtten ëmmer méi onwarscheinlech ginn – déi mannst sollten iwwerhaapt eppes dovu matkréien. D’Temperature packen et op 21 bis 24 Grad. En Donneschde geet et mat engem frëndleche Mix aus Sonn a Wolleke virun, mat 25 bis 29 Grad kraze mir esouguer schonn erëm un héichsummerleche Wäerter. De Freide geet et riicht virun, d’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall bei aktuellen 26 bis 32 Grad, déi an de Modeller virzefanne sinn.
Um Samsde kéint et dem momentane Stand no 27 bis 33 Grad waarm ginn, iwwerdeems a Richtung Owend awer den Donnerwiederrisk klëmmt. De Sonnden an och e Méinde wier en Temperaturréckgang op +/- 24 Grad ze erwaarden – mee dat ass nach onsécher.
Bis de Weekend ass de Reen also éischter keen Thema an et gëtt richteg summerlech. Genéisst et!