De Wochenausbléck: Duerch héije Loftdrock gi Nidderschléi rar

An der zweeter Wochenhallschent besteet zwar heiansdo eng kleng Nidderschlagswarscheinlechkeet, mee duerch den héije Loftdrock an dëser Woch wäert dës op alle Fall keng Haaptroll iwwerhuelen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Mir hunn et mat héijem Loftdrock ze dinn, deen sech vu Skandinavien aus iwwer Mëtteleuropa bis ganz an de Südwesten erstreckt. Doduerch wäert et dës Woch meeschtens dréche bleiwen an och déi sonneg Momenter huelen däitlech zou. Zur selwechter Zäit ginn awer och méi kill Loftmassen ugezaapt, déi virun allem an de Nuechten a fréie Moiesstonne spierbar sinn. E puer Modeller no probéiert vum Donneschden un erëm heiansdo déiwe Loftdrock anzesprangen, sollt awer dann erëm vum Héichdrock ofgeschnidde ginn – Sollt et dës Woch awer iergendwou zu e bësse Nidderschlag kommen, wier dat de Grond.


De viraussiichtleche Wocheverlaf bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut de Moie si mir mat Fréitemperature vun tëscht -3 an 1 Grad an den Dag eragestart. Nodeems sech e puer déif Wollekefelder opgeléist haten, konnt sech d’Sonn weisen. Bis elo am Nomëtten ass dat de Fall bliwwen an dat wäert och nach esou bleiwe bis se ënnergeet. Et gi Maximaltemperature vun tëscht 5 an 8 Grad ugepeilt. Den Dag vu muer, also den Dënschden, verleeft änlech. D’Warscheinlechkeet vun e puer méi Wolleken ass zwar méi grouss, mee et bleift frëndlech a Nidderschlagsfräi. No engem fraschtege Moien ass am Dag erëm mat 5 bis 7 Grad ze rechnen. E Mëttwoch widderhëlt sech den Dënschden, dat mat 6 bis 8 Grad just minimal méi mëll. Um fréie Mëttwochmoie kann et mat -5 bis -3 Grad awer nach eng Grimmel méi kal ginn wéi an de leschte Moienter.

E puer Modeller no ass den Donneschden dann eng kleng Stéierung méiglech, wéi mir se virdrun ugeschwat hunn. Sonn a méi déck Wolleke wiessle sech of, mee och déi eng oder aner Schauer wier mat dobäi. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 4 an 8 Grad. E Freide géif sech dës kleng Reewarscheinlechkeet bis an de spéidere Virmëtten halen, ier et duerno erëm besser gëtt an d’Chancen op sonneg Momenter klammen. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 7 an 11 Grad. E Samsden an e Sonnde solle sech Sonn a Wolleken ofwiesselen, dat bei 10 bis 13 Grad.