De Wochenausbléck: D’Woch verleeft gréisstendeels roueg, Héichdrockwieder

Den héije Loftdrock iwwer Mëtteleuropa kritt sech nawell wäit erausgezunn. Aktuelle Modeller no soll et eréischt Enn der Woch ufänken erëm méi onbestänneg ze ginn.

D’Grousswiederlag

Grouss Deeler vum europäesche Kontinent stinn de Moment ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock, iwwerdeems dobaussen um Atlantik an och nërdlech dovunner Déifdrockgebitter a Stuermdéifer hirt Onwiesen dreiwen. Wéi d’Modeller et de Moment gesinn, soll den héije Loftdrock iwwert eise Käpp dësen déiwe Loftdrock nach eng Zäit vun eis forthalen. Eréischt fir Enn der Woch gëtt domat gerechent, dass den héije Loftdrock an den Oste verdrängt gëtt a soumat d’Dier fir Déifdrockgebitter vum Atlantik hier erëm opgeet.


Den héije Loftdrock probéiert sech nach bis Enn der Woch duerchgesat ze kréien | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

An de nächsten Deeg wäerten, trotz héije Loftdrock, heiansdo och méi déck Wolleken ënnerwee sinn – Niwwelfelder souwisou. Heiansdo sinn och mol e puer Schéinheetsfeeler a Form vu liichtem a lokalem Reen méiglech, mee alles an allem ass et wäitgoend roueg.

Haut um Méinden, also am Laf vun de nächste Stonne, gëtt et aus westleche bis nordwestleche Richtunge no a no méi wollekeg. Et besteet eng kleng Nidderschlagswarscheinlechkeet, woubäi et trotzdeem allermeeschtens dréche bleiwe sollt. Dës kleng Nidderschlagswarscheinlechkeet ass an der Nuecht am “héchsten” – wann et also bësse naass gëtt, egal duerch Niwwel, Fisemreen oder eventuell liichte Reen, dann éischter dann. D’Temperature falen dës Kéier net méi esou wäit a pendle sech iergendwou tëscht 5 a 9 Grad an. Frascht ass also keen Thema méi.

Muer um Dënschden zéie vill méi kompakt Wolleken duerch, mat Chance ginn et dotëscht eng Rei sonneg Momenter. Trotz de Wolleke bleift et meeschtens dréchen, d’Temperature packen et am Verlaf vum Dag op 10 bis 13 Grad. Um Mëttwoch erwaart eis e richteg flotten Dag, soubal sech dann de Niwwel opgeléist huet. Et zéien dann just nach e puer kleng Wolleken duerch, iwwerdeems d’Sonn iwwer Bierg an Dall schéngt. D’Temperature klammen op 11 bis 14 Grad.

Zweet Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent, also vum Donneschden un, kéint et dann ufänke no a no méi wollekeg ze ginn. Dem aktuelle Stand no mierke mir um Donneschde nach net all ze vill dovun, well dëse kéint souguer nach besser ginn wéi de Mëttwoch. D’Viraussetzung awer: de Niwwel muss sech opgeléist kréien. Klappt alles, da gi Maximalwäerter vun tëscht 12 a 14 Grad erreecht. Um Freide bleift et och laang frëndlech bei 12 bis 15 Grad, ier um spéideren Owend aus Westen eng Front méi no kënnt. Et gëtt séier méi wollekeg, mee de Reen kéint sech nach bis an de fréie Samsdemoien eran rauszögeren. Um Samsde si vill Wolleken ënnerwee, nodeems et um Moie lokal naass ginn ass, bleift et dagsiwwer erëm méi laang dréchen. 12 bis 17 Grad stinn un, et gëtt also däitlech méi mëll. Um Owend an an der Nuecht op de Sonnde kommen déck Wolleken op an et schéngt dann och flächendeckend ze reene, wann een de momentane Modellrechnunge gleeft. Um Sonnde selwer si vill Wolleken ënnerwee, nennenswäerte Reen sollt et awer net ginn bis an den Owend eran.