De Wochenausbléck: E Mix aus Sonn, décke Wolleken a naasse Momenter

Déi nei Wiederwoch geet mat ville Wolleken a Schaueren un – a sollt sech och net vill aneschters an der nächster Zäit virunentwécklen.

Grousswiederlag

Mir leien ëmmer nach ënnert enger Westwiederlag – de Wiedercharakter bleift also entspriechend variabel. Aus Weste kënnen ëmmer erëm Frontesystemer dotëschtfunken, déi eis reegelméisseg naass Momenter brénge wäerten. Duerch awer weiderhin tendenziell méi héije Loftdrock iwwert dem Oste vum Kontinent kënne sech awer keng kill Loftmassen duerchsetzen, op mannst mol dagsiwwer.


De Verlaf vun de Loftmassen op 850 hPa (1,5 km Héicht) bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Um Méinde geet et mat ville Wolleken un, aus der Nuecht eraus ass et nach zu méi staarke bis hin zu stiermesche Wandstéiss komm. Un der Kachelmann-Statioun zu Elwen an och zu Eschduerf (ASTA) si géint 3 Auer Spëtzte vun 72 km/h opgetrueden. Am weidere Verlaf vum Dag zéie weiderhi vill Wolleken duerch, et kann ëmmer erëm naass ginn. Bei 17 bis 19 Grad ass heinansdo mol e kuerze sonnege Moment dobäi. Um Dënschden ännert sech d’Wiederbild net ganz vill; déi déck Wolleke sinn ëmmer nach do, virun allem an de fréie Moiesstonne gëtt et verbreet naass. Vum Nomëtten u si just nach eenzel Schaueren ënnerwee, dat bei 14 bis 17 Grad. De Mëttwoch sinn ëmmer nach vill Wolleken ënnerwee, dotëscht ka sech d’Sonn awer mat Chance erëm weisen. D’Schauerwarscheinlechkeet besteet ëmmer nach, ass awer manner grouss wéi um Méinden an um Dënschden.

Déi zweet Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent hu mir wierklech keng gréisser Ännerung ze erwaarden. Um Donneschde wiessle sech d’Sonn an e puer méi déck Wolleken of, heiansdo a lokal kënnt eng Schauer erof. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 14 an 18 Grad. Um Freide bleift et ëmmer nach variabel bei ville Wolleken an eenzelne sonnege Momenter. Aus aktueller Siicht gesi besteet eng kleng Warscheinlechkeet vun engem Donnerwieder, dat bei 14 bis 18 Grad. Och um Samsde bleiwen d’Wolleke bei 14 bis 18 Grad bei eis, d’Schauerwarscheinlechkeet ass ëmmer nach do. De Sonnde schéngt e ganz änlechen Dag ze ginn, wou awer virun allem an der Nuecht op de Méinde groussflächege Reen soll opgezu kommen.