De Wochenausbléck: Eenzel Schaueren, soss vill Wolleken an heiansdo Sonn

Mir hunn e naasse, lëftegen an deels och stiermesche Weekend hannert eis. Am Laf vun der neier Woch gëtt et manner lëfteg, allerdéngs ass weiderhi mat e puer vun deene méi décke Wolleken ze rechnen.

Et geet lëfteg an d’Woch eran

Bis de Mëttwoch sti mir nach gréisstendeels ënnert dem Afloss vun déiwen Loftdrock. Dëst ass och den Zäitpunkt, bis wouhin et am wahrscheinlechste nach zu Schaueren a méi frësche Wandstéiss komme kann. Stuermstéiss sollten awer aus bleiwen. An der zweeter Wochenhalschend gesäit et scho méi no Héichdrock aus, och wa mol e klengt Déif dotëschtfunke kann.

Um Méinde starte mir mat ville Wolleken an d’Woch eran, vereenzelt kann och mol nach eng Schauer erofgoen. D’Temperature leien tëscht 8 an 13 Grad, am Virmëtte klamme se op 12 bis 16 Grad. Mëttes an am Nomëtten ass e Maximum vu 15 bis 19 Grad ze erwaarden, et zéie nach eng Partie Wolleken duerch. D’Schauerwahrscheinlechkeet ass awer nëmme kleng, soudass et héchstens mol zu lokal begrenzte Schliet komme kann. Op de meeschte Plaze bleift et drëchen. De Wand packt et an de Spëtzten op 50 km/h. Méi Wolleken hu mir um Dënschden, déi och bis an de spéidere nomëtten era net labber lossen. An där Zäit kann et ëmmer rem zu e puer Schauere kommen, am ganze Land. D’Temperature beweege sech op 15 bis 20 Grad. De Wand bléist ëmmer nach gutt spierbar aus West- Südwesten, bis zu 60 km/h kënnen an de Spëtzten areecht ginn.

De Verlaf vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

An duerno?

Um Mëttwoch zéien eng ganz Partie Wolleken duerch, Reen gëtt et awer haaptsächlech an de Moiesstonnen. D’Temperature leien do tëscht 9 an 13 Grad a packen et mëttes op 10 bis 15 Grad. Bei ville Wolleke sollt et meeschtens drëche bleiwen, méi spéit am Nomëtte sinn och sonneg Momenter méiglech. De Wand bléist spierbar aus Nordweste mat Spëtzte vu 40 km/h.

An den Deeg drop ass et oft wollekeg, allerdéngs reent et just zäitweis an och net iwwerall. Den Donneschde wiessle sech dem aktuelle Stand no Sonn a Wolleken of, ier et am spéidere Verlaf vum Dag ëmmer méi gro gëtt. Dat bei drëchenen 11 bis 15 Grad. De Freide kréie mir et viraussiichtlech mat ville Wolleken ze dinn, mee och do schéngt d’Wahrscheinlechkeet vu Schauere net all ze grouss ze sinn. 14 bis 17 Grad. Um Samsde kënnt sech d’Sonn mol tëschenduerch weise bei 13 bis 17 Grad, spéitstens um Sonnde kënnt et rem zu vereenzelte Schaueren.