D’Grousswiederlag
E groussen Déifdrockkomplet läit iwwert dem nërdlechen Atlantik an erstreckt sech iwwert déi brittesch Inselen. Och mir zu Lëtzebuerg leien ënnert dem Afloss dovun, an dat nach bis de Mëttwoch inclus. Duerno probéiert sech Schratt fir Schratt héije Loftdrock duerchzesetzen, duerch deen et an éischter Linn méi dréche gëtt. Dësen Héichdrock erméiglecht et och, dass a Richtung Enn der Woch d’Warscheinlechkeet vu liicht iwwerduerchschnëttlech waarmen Temperaturen an d’Luucht geet.
De Verlaf
Wéi gesot, hu mir an der éischter Wochenhallschent net immens grouss Chancen op rouegt a schéint Wieder. Et ass gréisstendeels bedeckt, all Dag kënnt aus Westen fréier oder spéider eng Front mat groussflächegem Reen opgezunn.
Och haut um Méinde wäert et de Fall sinn, dass et no ufänglechem geréngfügegem Nidderschlag am Nomëtte méi naass gëtt. 5 bis 9 Grad sinn ze erwaarden. Um Dënschde gëtt et schonn am Virmëtten e gutt Stéck méi naass, bei 2 – 4 Grad op de Koppen ass erëm déi eng oder aner Flack ënnert dem Reen net ausgeschloss. Fir de Rescht gi Maximalwäerter vun tëscht 4 a 7 Grad erreecht. De Mëttwoch ass mat 5 bis 9 Grad ze rechnen, den Himmel ass ëmmer nach gréisstendeels gro. Vum Nomëtten u mécht sech erëm groussflächege Reen breet.
An der zweeter Hallschent kënnt jo lues a lues den héije Loftdrock an d’Spill. Vum Donneschde bis de Sonnden inclus sinn zwar nach e puer méi déck Wollekefelder méiglech, dotëscht weist sech awer d’Sonn – nodeems sech de Niwwel opgeléist huet natierlech. En Zäitpunkt mat Reen gëtt et viraussiichtlech an der Nuecht op de Freiden, ier aus dem groussflächege Naass just nach vereenzelt Schauere ginn. De Weekend selwer ka nawell e frëndleche ginn, wa sech de Niwwel opgeléist kritt. D’Temperature packen et dagsiwwer jeeweils op tëscht 7 an 10 Grad.