Och an der neier Wiederwoch bleift et summerlech. Zäitweis reent et zwar, mee akkumuléiert gesinn soll net vill dobäi sinn.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Den eenzegen Déifdrockafloss, deen an dëser Woch wäert op eis iwwergräifen, huet säin Uersprong iwwert de nërdlechen Deeler vun Europa. Zäitpunkten dofir sinn haut um Méinden, muer um Dënschden a méiglecherweis och de Freiden an de Samsden. Dotëscht packt et ëmmer erëm héije Loftdrock aus Südeuropa an eis Géigenden oder et gräift es vum Atlantik hier op eis iwwer.
De Verlaf
Haut um Méinden ass et mat engem méi dréiwen Himmel ugaangen, dat duerch lokalen Buedemniwwel mee awer deels och Héichniwwel. An Tëschenzäit ass sech dësen amgaangen opzeléisen, komplett ongestéiert wäert d’Sonn fir de Rescht vum Dag awer net sinn. Et bleift awer dréchen, et gi Maximaltemperature vun tëscht 21 a 25 Grad erreecht. Muer um Dënschde passéiert eis tëscht dem Vir- a Nomëtten eng Kalfront, déi eis e puer Schauere bréngt – fläit ass och e kuerzt Donnerwieder net ausgeschloss. Spéitstens am spéidere Nomëtten/fréien Owend sollt et reefräi bleiwen, inkl. Opkläerungen.
E Mëttwoch wiessle sech Sonn a Wolleken of, d’Moiesstonne kënnen duerch Niwwel och méi dréif verlafen. 19 bis 25 Grad stinn um Programm. Den Donneschde verleeft änlech bei och änlechen Temperaturen. E Freide ginn et Undeitungen fir engem schwaache Frontesystem, deen eis e bësse Reen ka bréngen. De Samsde gesäit et änlech aus, dat bei jeeweils 24 bis 28 Grad (kéinten deemno wéi nach no uewe korrigéiert ginn). De Sonnde wier däitlech manner wollekeg, mee awer och e Stéck manner waarm.