De Wochenausbléck: Ëmmer erëm variabel Ofschnëtter

Mir leien zwar gréisstendeels ënner Héichdrockafloss, woubäi tëschenduerch awer ëmmer erëm déiwe Loftdrock dotëschtfunke kann.

Grousswiederlag

Vum Atlantik hier iwwer Deeler vu Westeuropa bis a Richtung Russland erstreckt sech eng Héichdrockzon, déi an de nächsten Deeg awer ëmmer erëm vu liichtem Déifdrockafloss kann ënnerbrach ginn. Innerhalb vun dësen Ënnerbriechunge kann et zu Schauere kommen, deels sinn och eenzel Donnerwieder net ausgeschloss.


D’Grousswiederlag bis de Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

No engem zimmlech wollekegem Méinden, mat sonnege Momenter dotëscht an och enger klenger Warscheinlechkeet vu Schaueren, geet et fir de Rescht vun der Woch mat engem éischter variable Charakter virun. Muer um Dënschde si weiderhi vill Wolleken ënnerwee, dotëscht sinn awer och erëm sonneg Momenter dobäi. Bei enger klenger Reewarscheinlechkeet sollt et gréisstendeels dréche bleiwen, dat bei 15 bis 20 Grad. De Mëttwoch hale mir déi vill Wolleke bei eis, dat erëm bei engem Mix aus e puer sonnege Momenter an och mol enger klenger Schauerwarscheinlechkeet. 14 bis 19 Grad stinn un.

Déi zweet Wochenhallschent

Um Donneschde geet et zimmlech bedeckt un, am Laf vum Dag gëtt et awer bësse manner wollekeg. Generell bleift d’Bild dat selwecht wei an den Deeg drop, et gëtt just nach e bësse méi waarm. 15 bis 20 Grad stinn un. De Freide geet et mat engem Sonn- Wollekemix un, ier et am Laf vum Dag warscheinlech däitlech méi gro gëtt. Dobäi kann et dann zu Schaueren an eventuell och mol zu engem lokalen Donnerwieder kommen. Mat 17 bis 22 Grad gëtt et nach méi waarm. De Samsde bleift et zimmlech wollekeg, et si weiderhi Schaueren oder och mol eenzel Dimmere net ausgeschloss. 17 bis 22 Grad. Um Sonnde gëtt et viraussiichtlech méi frëndlech, dat bei engem Sonn- Wollekemix. Bei 16 bis 22 Grad soll et dréche bleiwen.