De Moment hu mir et mat der längster Héichdrockphas vum Joer ze dinn, déi och nach dës ganz Woch wäert unhalen.
Advertisement
D’Grousswiederlag
D’Situatioun ass ëmmer nach déi, dass sech vun de britteschen Inselen aus iwwer Skandinavien an och Osteuropa héije Loftdrock erstreckt. En zitt sech an Tëschenzäit och bis an de Südweste vun Europa, wou et punktuell awer keen Ënnerscheed mécht: Do ënne forméiere sech iwwert dem westleche Mëttelmierraum weiderhin ëmmer erëm nei kleng Déifdrockgebitter, déi punktuell gréisser Reenzommen a Richtung Spuenien drécken.
Aktuell ass et ëmmer nach esou, dass d’Wiedermodeller keng grouss Changementer an Aussiicht hunn. Den een oder anere Laf vum amerikanesche Wiedermodell GFS wëll et awer net ausschléissen, dass et am leschte November-Drëttel zu engem Ëmschwong kéint kommen – eventuell esouguer mat wanterleche Nidderschléi.
De Verlaf
De Méinden ass esou gutt wéi duerch, de Niwwel huet sech haut och erëm méi oder manner gutt konnten opléisen. De Moie war et mat bis zu -2°C liicht fraschteg, och d’Nuecht op en Dënschde wäert mat änleche Wäerter verlafen – haaptsächlech an den Däller. Spéiderhi kënnt och nach Niwwel an d’Spill. Muer um Dënschden an och um Mëttwoch rechnen d’Modeller mat enger liicht erhéichter Warscheinlechkeet, dass sech de Niwwel entweder méi laang kéint zéien oder och mol iwwert de ganzen Dag. Wéi et ausgeet, entscheet sech leider nëmme spontan. D’Temperature klamme muer op e Maximum vun tëscht 8 an 13°C, e Mëttwoch sinn et 9° bis 14°C.
Fir en Donneschde ginn erëm besser Chancen fir d’Sonn berechent, dat bei 8° bis 11°C. Vum Freide bis e Sonnde komme sech e puer eenzel an harmlos Wolleke weise, soubal sech de Niwwel opgeléist huet. Am Dag beweege mir eis un den dräi Deeg viraussiichtlech bei 9° bis 13°C, an de Nuechte sollte mir iwwert dem Fraschtberäich bleiwen. Sollt sech spontan eppes un dësen Aussiichten änneren, kënnt en Update.