De Wochenausbléck: Ëmmer nach variabel, zweet Wochenhallschent en Tick méi kill

Eng weider déifdrockdominant Woch ass ugaangen. Et schéngt awer e klenge Changement op eis duerzekommen, et gëtt nämlech geschwënn en Tick méi kal. Den Détail fannt Dir hei am Artikel.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Wéi gesot, geet et virun mat der Westwiederlag. Vum Atlantik hier kënnt een Déifdrockgebitt nom aneren eragerauscht, wat eis ëmmer nach e gudde Batz Reen wäert bréngen. Zäitweis geet et och erëm lefteg zou sech, eng Situatioun mat Stuermstéiss ass awer, Stand aktuell, net fir dës Woch virgesinn.


D’Modeller gesinn a Richtung Sonnde méi kill Loftmassen op eis duerkommen | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Bis en Dënschden reent et net all ze vill. Et zéie vill Wolleken duerch, dotëscht ka sech mat vill Chance mol d’Sonn weise kommen. De Reen verschwënnt awer net ganz: E weist sech a Form vu Schaueren an ass meeschtens mat enger liichter Intensitéit ënnerwee. E Mëttwoch selwer geet et am Dag nach änlech virun, ier dann vum Owend un eng Front aus Westen eragezu kënnt. Dës bréngt eis erëm méi groussflächege Reen, deen sech bis an den Donneschdemëtten era soll halen. Virun allem an der éischter Hallschent vum Freide soll et ëmmer nach méi groussflächeg naass ginn, ier et dann duerno zu méi laange Reepause ka kommen.

Fir de Weekend gesinn den europäeschen ECMWF an de GFS méi kill Loftmassen op eis duerkommen. Et ass zwar nach näischt Konkretes, mee d’Warscheinlechkeet fir déi éischt Flacke soll de Modeller no net onbedingt bei 0% leien. Dat hale mir natierlech zesummen am Aen.

Temperaturméisseg beweege mir eis haut um Méinde bei tëscht 8 an 11 Grad am Dag, muer um Dënschde sinn et 7 bis 10 Grad. E Mëttwoch geet et mat 8 bis 11 Grad virun an en Donneschde viraussiichtlech mat 8 bis 10 Grad. E Freide gëtt et mat 6 bis 9 Grad nach eng Kéier änlech, ier d’Wäerter e Samsden an e Sonnden dagsiwwer op tëscht 5 an 8 Grad sollen zréckgoen. An de Nuechte si mir net wäit fort vum Gefréierpunkt.