De Wochenausbléck: En Hauch vu Fréijoers-Temperaturen

Dat éicht markant Stuermdéif vum Joer huet sech virun allem a Saache Reen bemierkbar gemaach. Eng Besserung erwaart eis awer dës Woch; Héichdrock mecht sech breet!

Emmer manner naass a méi Sonn

Dës Woch wärt ee vun Dag zu Dag mierken, wéi et emmer besser gëtt. Speitstens um Mëttwoch sollte mir ënner stabilem Héichdrockafloss ukomm sinn.

De Méinde hu mir et nach mat ville Wollécken ze dinn, ufanks ass och mol nach déi eng oder aner Flack oder Drëpps net onméigleg. Am weidere Verlaf vum Dag bleift et awer meechtens drëchen a mat ganz vill Chance kënnt spéiderhin mol d’Sonn kuerz duerch. Et gett 3 bis 7 Grad waarem, dat bei engem spierbare Wand aus Nordwesten. An de Spëtzte gi 45 km/h ereecht, Stuerm ass also kee méi ze erwaarden. Um Dënschde si scho manner Wollécken ënnerwee, soudass e Mix aus sonnege Momenter zustaane komme wärt. Bei 3 bis 6 Grad bleift et drechen, de Wand ass nëmme schwaach aus Westen ennerwee.

Ab dem Mëttwoch gëtt et de momentane Modellrechnunge richteg frëndlech. Den Héichdrock sollt sech bis mindestens Enn der Woch haalen, dobäi ass mat vill Sonn ze rechnen. D’Temperature bleiwen am mëlle Beräich a wärte wahrscheinlech liicht iwwerduerchschnëttlech héich vir d’Saison ausfaalen. Vum Mëttwoch bis de Samsde pendle sech d’Werter am Dag tësche 5 a souguer 12 Grad an. De Wand ass nëmme nach schwaach bis liicht spierbar aus östleche bis südöstleche Richtungen ënnerwee.