De Wochenausbléck: Eng hierschtlech Woch steet un

Haut packen et d'Temperaturen zwar nach op zimmlech mëll Wäerter, mee se sinn awer um Wee no ënnen. Méi doriwwer gi mir elo hei am Wochenausbléck gewuer.

D’Grousswiederlag

Laang ass de “richtegen” Déifdrockafloss aus eise Géigende fortgehale ginn, dat duerch en Héichdrockgebitt iwwert dem ëstleche Kontinent. Elo gëtt dësen awer méi a Richtung Oste verdrängt, esoudass d’Déifdrockgebitter hiren Aarm méi wäit an eis Géigenden ausbreede kënnen. Dat bréngt mat sech, dass et méi kill gëtt – mee awer och, dass de Wand erëm oplieft an et och erëm méi oft ka reenen.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis de Sonnden, ECMWF | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

De Méinde starte mir mat engem méi wollekgen Dag an déi nei Woch eran, woubäi et dotëscht awer trotzdeem zu sonnege Momenter komme kann. An de Moiesstonnen ass mat tëscht 8 an 11 Grad ze rechnen, ier am Nomëtten awer Maximaltemperature vun tëscht 16 a 19 Grad erreecht ginn. Dëst sinn also nach eng Kéier richteg héich Temperature fir d’Joreszäit. An der Nuecht op den Dënschden zitt aus Weste méi groussflächege Reen op, deen punktuell méi kräfteg ausfale kann. Wa mir eis déi nächst Deeg awer ukucken, da gesi mir, dass mir ganz kloer an engem Ofwäertstrend sinn: en Dënschde si nach 13 bis 16 Grad ze erwaarden. Dagsiwwer bleift et erëm gréisstendeels dréchen, an der Nuecht op de Mëttwoch kann et dann erëm bësse naass ginn. De Mëttwoch selwer erwaart eis no engem méi groe Start e Mix aus Sonn a Wolleken, d’Temperature packen et op 10 bis 14 Grad.

An der zweeter Wochenhallschent geet et virun mam Temperaturréckgang: den Donneschde si vill Wolleken ënnerwee, et kann ëmmer erëm zu enger Schauer kommen. 10 bis 14 Grad stinn un. De Freide soll en änlechen Dag ginn, dat bei nach 8 bis 12 Grad. De Samsde wier et bei engem Sonn- Wollekemix e bësse méi frëndlech, 8 bis 11 Grad ginn erreecht. E Sonnde sollen et 10 bis 13 Grad ginn, mee ier et esouwäit ass kann dat nach änneren.

Et geet also zimmlech wiesselhaft virun. Mat dobäi kënnt dann och méi oft e méi spierbare Wand, deen et an de Spëtzten op tëscht 40 a 60 km/h packe kann.