De Wochenausbléck: Eng summerlech Woch mat zouhuelendem Wiederrisk

D’Summerwieder ass elo séier do gewiescht. An der neier Woch geet et och esou virun, et gëtt erëm un den 30 Grad gekrazt. Et gëtt awer och ëmmer méi schmeier…

D’Grousswiederlag

De Groussdeel vun der Woch leie mir ënnert enger waarmer südlecher bis hin zu südwestlecher Stréimung, duerch déi d’Temperaturen dagsiwwer all Dag am summerleche Beräich leie wäerten. Un eenzelnen Deeg kéint esouguer un den 30 Grad gekrazt ginn. Besonnesch vun der zweeter Wochenhallschent un kommen erëm méi fiicht Loftmassen eran, déi den Donnerwiederrisk iwwer Mëtteleuropa an d’Luucht drécke wäerten – potenziell onwiederarteg.


De Verlaf vun de Loftmasse bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

An der nächster Woch kann d’Stréimungsmuster zwar kuerz ënnerbrach ginn, allerdéngs kéint se sech no enger Zäit erëm opbauen.

De Verlaf

Um Méinde si vill Wolleken ënnerwee, eventuell ass dotëscht mol e Wieder net ausgeschloss – de Risk ass awer limitéiert. Et si Maximaltemperature vun tëscht 21 a 26 Grad ze erwaarden. Den Dënschde gëtt mat 23 bis 28 Grad schonn erëm méi waarm, dobäi wiessle sech Sonn a Wolleken of. Et besteet eng minimal Schauerwarscheinlechkeet. Richteg waarm soll et vum Mëttwoch u ginn, dat bei engem bloen Himmel: tëscht 26 an 30 Grad sinn ze erwaarden. D’Donnerwiederaktivitéit sollt sech nach zréckhalen.

Déi zweet Wochenhallschent

Um Donneschde komme schmeier Loftmassen op, et gëtt och schonn direkt méi wollekeg. Eenzel Hëtztdonnerwieder sinn am Nomëtte net ausgeschloss, mee et trëfft och erëm nach laang net jiddereen. D’Temperature klammen op 26 bis 30 Grad. Um Freiden ass dann de Risk vun Donnerwieder däitlech erhéicht, potenziell och onwiederaarteg. D’Temperature klammen op e richteg schmeiere Niveau vu 26 bis 31 Grad. Déi waarm Loftmasse ginn, Stand aktuell, am Laf vum Freidenomëtten aus dem Land verdrängt. Dëst bedeit, dass de Samsden mat 18 bis 24 Grad en däitlech manner waarmen a manner schmeieren Dag wäert ginn. Et bleift meeschtens dréchen, ier um Sonnden erëm Schauere méiglech sinn.