De Wochenausbléck: Eng variabel Westwiederlag setzt sech duerch

D'Wieder huet sech pénktlech fir déi nei Woch virgeholl aner Säiten opzezéien. Vu Wanter wäert näischt méi ze gesi sinn.

D’Grousswiederlag

Mir erliewen an der neier Wiederwoch déi wanterfeindlechst Wiederlag déi et gëtt: Eng Westwiederlag! Et gëtt also net nëmme méi waam bei eis, mee et wäert erëm méi oft reenen & de Wand hëlt och zou. Et gëtt also en Tick méi ongemittlech, trotz méi héijen Temperaturen. Op mannst musse mir eis moies awer net méi mam Scheiwekraze ploen.


D’Grousswiederlag haut um Méinden | Grafik: wxcharts.com

Ze verdanken hu mir dës Wiederëmstellung engem Orkandéif westlech vun de britteschen Inselen an engem groussen Héich iwwert dem Balkan.

De Verlaf

Dës Woch gëtt erëm eng immens interessant. Net nëmme, well Enn der Woch schonn Hellegowend & Chrëschtdag ass, mee och, well et an der Modellwelt ëmmer nach ganz vill Beweegung gëtt. Nieft de méi héijen Temperature kéinten eis nämlech och gréisser Reenzommen & dat engt oder anert Stuermdéif an d’Haus stoen. Ausféierlech Informatiounen zu dësen Themen ginn ech Iech spéiderhin a separaten Artikelen.

Haut um Méinde kann et ganz am Ufank mol nach e bësse naass ginn, d’Temperature leien an Tëschenzäit tëscht 1 an 3 Grad. Lokal kann et mol nach glat sinn, d’Gefor sollt awer ganz séier ofhuelen. Am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 5 an 8 Grad erreecht, en immens grousse Kontrast zu den aneren Deeg also. Et bleift, trotz de Wolleke, meeschtens dréchen. Mat Chance ass esouguer e kuerze sonnege Moment dobäi. Den Dënschde geet et méi gro virun, spéitstens vum Nomëtten un erreecht eis flächendeckende Reen. D’Temperature leeë nach een drop a packen et esouguer op 8 bis 10 Grad. E Mëttwoch kann et ganz am Ufank nach e bësse naass ginn, dagsiwwer zéien e puer déck Wolleken duerch. Heiansdo kënnt d’Sonn och mol luussen, dat bei 5 bis 8 Grad. Um spéideren Owend sinn erëm e puer Schaueren aus Frankräich méiglech.

Déi zweet Wochenhallschent gëtt erëm e bësse méi interessant duerch Reen & e gewësst Stuermpotenzial. Mir ginn zwar nach net an den Détail, mee fir den Donneschden an de Freide stinn zimmlech reenereg Stonnen um Plang. Um Donneschde gi 9 bis 11 Grad erreecht, e Freide viraussiichtlech 10 bis 12 Grad. De Wand beweegt sech un den zwee Deeg an de Spëtzte mat tëscht 60 a 75 km/h vu Plaz, et stinn awer nach Optioune mat däitlech méi héije Vitessen am Raum. Hellegowend gesäit no engem Sonn- Wollekemix aus, dat mat Schaueren. Et ginn 8 bis 11 Grad erreecht. Och fir Chrëschtdag selwer sinn de Moment 7 bis 9 Grad an Aussiicht, also nix Schnéi wa sech näischt méi drun ännert.