De Wochenausbléck: Eng weider variabel Woch duerch Westwiederlag

Et ass alles anescht wéi einfach d’Westwiederlag, déi mir de Moment hu, lass ze ginn. Och an der neier Woch soll et weiderhi variabel bleiwen.

Rouege Wochenufank

D’Gesamtbild ass ëmmer nach méi oder manner d’selwecht wéi an de leschte Wochen. Héije Loftdrock dominéiert de Mëttelmierraum, iwwerdeems en Déif nom aneren iwwer Mëtteleuropa ewechzitt. Just heiansdo hu mir och mol déi Chance, dass sech wärend kuerze Periode méi héije Loftdrock duerchsetze kann – et ass awer éischter eng Raritéit.

D’Woch geet mol nach roueg un. Um Méinde sinn eng Partie Wolleken ënnerwee, d’Sonn ka sech och mol dotëscht weise kommen. D’Schauerwahrscheinlechkeet ass zwar do, mee hält sech a Grenzen. Dass et ganz lokal awer mol naass gëtt, ass net onméiglech. D’Temperature packen et op 7 bis 10 Grad, de Wand packt et an de Spëtzten op 40 km/h. Schon um Dënschde gesäit et anescht aus: et gëtt rem däitlech méi gro an och méi naass. E Frontesystem zitt iwwert eis ewech, dee fir ongemittlecht Wieder suerge wäert. D’Temperature losse sech dovun awer net wierklech beandrocken, et ass mat Maximalwäerter vun 11 bis 13 Grad ze rechnen. De Grond dofir si mëll, mee fiicht Loftmasse vum Atlantik, déi an eis Richtung gedroe ginn. De Wand bléist mat bis zu 60 km/h aus Südwesten.

De Wocheverlaf vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Och de Mëttwoch wäert sech viraussiichtlech vu sénger bedeckter Säit weisen, zäitweis si rem Schauere méiglech. D’Temperaturen areechen 12 bis 15 Grad, et ass also rem zimmlech mëll fir d’Joreszäit. De Wand ass och rem present a packt et an de Spëtzten op 45 km/h. Aus aktueller Siicht gesinn ass d’Schauerwahrscheinlechkeet vum Moien u bis an de fréie Mëtten eran am héchsten, duerno misst et meeschtens drëche bleiwen. Eng weider Front passéiert eis den Donneschden, d’Bild ännert also net vill. Et ass oft gro a naass kann et och ëmmer rem ginn. D’Temperaturen areeche 9 bis 14 Grad.

Hoffnung op bessert Wieder de Weekend

Vum Freiden u besteet aus aktueller Siicht gesinn d’Wahrscheinlechkeet, dass sech endlech mol méi schéint Wieder tëschenduerch duerchsetze kann – oder op mannst méi rouegt. De Freide kéint dem no en Iwwergangsdag ginn, wou nach lescht Schauere lokal dra wieren. D’Temperature packen et op 7 bis 11 Grad. De Samsde kéint et potenziell zu engem Sonn- Wollekemix kommen, dat bei just enger klenger Schauerwahrscheinlechkeet. An och de Sonnde gesäit net sou schlecht aus: no Reen am Virmëtte soll et am Nomëtte frëndlech gi bei 10 bis 13 Grad. Natierlech handelt et sech bei de genannte Wierder ëm keng Prognos, mee eng éischt Aschätzung. Den Zäitraum ass einfach nach ze wäit fort.