De Wochenausbléck: Enn der Woch minimal Chance op Schnéischaueren

Dës Woch gëtt net vill anescht wéi dat, wat mir an de leschten Deeg gesinn hunn. Et sinn awer och eenzel Berechnungen dobäi, déi de Weekend mat enger klenger Warscheinlechkeet vum éischte Schnéi rechnen.

D’Grousswiederlag

Mëtteleuropa läit och an dëser Woch weiderhin an enger “Zopp”. Mir hunn et mat liichtem Héichdrockafloss mee awer och just mat liichtem Déifdrockafloss ze dinn, näischt halwes a näischt ganzes also. Et ass mat vill Gro ze rechenn, dat duerch Wolleken a Niwwelfelder. Zäitweis gëtt et och naass, dat duerch liichte Reen oder Fisemreen duerch Niwwel. Dat kléngt jo alles net esou richteg flott, an awer kann d’Sonn trotzdeem heiansdo dotëscht luusse kommen.


Den allgemenge Wocheverlaf, berechent vum europäesche Wiedermodell ECMWF | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

De Méinde si mir erëm zimmlech gro an den Dag an och an déi nei Woch eragestart, zumools op de méi héich geleeëne Plazen ass méi décke Niwwel virzefannen. Soss ass et meeschtens bedeckt, et ka weiderhi liichte Nidderschlag erofkommen. D’Maximaltemperature wäerte sech am Nomëtten tëscht 6 a 9 Grad ophalen. Muer um Dënschde gëtt et net vill anescht, et ass meeschtens gro an et zéie vill Wolleken duerch. Am Nomëtte gëtt et eng kleng Chance op e kuerze sonnege Moment, dat bei 6 bis 9 Grad. E Mëttwoch hänken ëmmer nach vill Wolleken iwwert eise Käpp, mat Chance ka sech awer och dann d’Sonn mol kuerz weise kommen. D’Temperature packen et op 5 bis 9 Grad.

Déi zweet Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent soll et de neiste Berechnunge no a klenge Schrëtt méi kill ginn. Den Donneschde si vill Wolleken ënnerwee, wann et reent da just geréngfügeg. D’Temperature packen et op 3 bis 6 Grad. An der Nuecht op de Freide kënnen d’Temperaturen op de Gefréierpunkt an op de Koppen och mol drënner goen, dagsiwwer wiessle sech Sonn a Wolleken of – wa sech de Niwwel opgeléist kritt. 2 bis 5 Grad stinn un. De Samsden ass et meeschtens gro, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 2 a 5 Grad, an de Nuechte geet et erëm op Null a liicht drënner.


Interessant Berechnunge fir de Weekend. Erwaart eis den éischte Schnéi? | Grafik: wxcharts.com

Dem europäesche Wiedermodell ECMWF no kéint et an der Nuecht op de Sonnden zu liichte Schnéischauere kommen. Och iwwert de Sonnde verdeelt sollt et dësem Modell no schneien. Mol kucken also, wat d’Kaarten an e puer Deeg soen an ob een dësen Trend confirméiere kann.