De Wochenausbléck: Eréischt a Richtung Weekend méi waarm & méi frëndlech

Bis an déi zweet Wochenhallschent eran bleift et méi oder manner variabel. Eréischt duerno klammen d’Temperaturen erëm an et gëtt méi frëndlech.

D’Grousswiederlag

Ier héije Loftdrock d’Wiederkichen iwwert eise Käpp erëm e bësse méi stabil mécht, hu mir et bis an déi fréi zweet Wochenhallschent eran mat enger éischter westlecher Stréimung ze dinn, déi fir méi oder manner variabelt Wieder bei eis suergt. Et kënnt also zäitweis zu Schaueren, muer um Mëttwoch kann et esouguer erëm iwwert eng méi laang Zäit naass ginn. Eng Besserung bunnt sech dann a Richtung kommende Weekend un.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Um Dënschde si mir nach zimmlech frëndlech an den Dag gestart, ier am Laf vum Dag awer ëmmer méi Wolleke mat dobäikommen. Duerch dës sinn dann och mol eenzel Schauere méiglech, d’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 16 an 22 Grad. Um Mëttwoch ass et gréisstendeels bedeckt, duerch eng Kalfront kënnt erëm méi laang unhalende Reen op eis duer. Vum Mëttwochvirmëtte bis an de Nomëtten era soll et naass ginn, dat mat gréissere Reequantitéite vu bis ëm 10 l/m², déi méiglech sinn. 15 bis 18 Grad stinn un. Den Donneschde soll et erëm méi frëndlech ginn, dat mat engem Mix aus Sonn a méi décke Wolleken – déi erëm punktuell fir eenzel Schauere suerge kënnen. Bei 15 bis 19 Grad gëtt d’Aktivitéit awer definitiv manner.

De Weekend

Aktuelle Modellrechnunge no soll de Weekend gréisstendeels mat engem Mix aus Sonn a Wolleken iwwer d’Bühn goen, d’Schaueraktivitéit léisst no. D’Temperature sollen um Freiden op tëscht 19 a 24 Grad klammen, de Samsden op 23 bis 27 Grad an de Sonnden schonn eventuell op 24 bis 29 Grad. Et schéngt sech also den Trend ofzezeechnen, dass et méi waarm gëtt.

Wa mir dann e bësse spekuléieren: aktuell Kaarte sinn der Meenung, dass d’nächst Woch Zenarie vun 30 Grad an driwwer net ausgeschloss sinn.