De Wochenausbléck: Eréischt de Weekend luese Changement méiglech

Eng héichdrockdominant Woch steet un, déi eis vill Sonn brénge wäert. Mat dobäi kënnt awer e frësche Wand, duerch deen sech alles en Tick méi kill ufillt.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Dës Woch hu mir et haaptsächlech mat héijem Loftdrock ze dinn. D’Kären dovu sinn iwwert de britteschen Inselen, Deeler vu Spuenien an och dem Oste vum Kontinent ze fannen. Eréischt a Richtung Samsden oder Sonnde gesinn d’Modeller, dass et erëm lues a lues zu engem Changement komme kann.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Woch laut europäeschem Wiedermodell | Grafik: wxcharts.com

Fest steet: De Reen huet a nächster Zäit weiderhi net vill ze soen. De Wanter bleift, mee dat ouni Schnéi.

De Verlaf

An dëser Woch gëtt et zu den eenzelnen Deeg net vill ënnerschiddleches ze soen, well se sech all zimmlech änelen. Haut um Méinde schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall, d’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 2 a 5 Grad. An der nächster Nuecht ginn d’Wäerter op tëscht -7 a -3 Grad zréck, ier se am Dag erëm op e Maximum vun tëscht 2 a 5 Grad klammen. Soubal sech de méigleche Niwwel opgeléist huet kënnt sech d’Sonn erëm de ganzen Dag weisen. E Mëttwoch hu mir dat selwecht Spill, dat bei engem Maximum vun tëscht 4 an 8 Grad.

An der zweeter Wochenhallschent kommen a ganz klenge Schrëtt e puer eenzel Wolleken dobäi, mee mir sinn awer nach wäit vun engem Kipp-Punkt ewech. En Donneschde schéngt d’Sonn bei 6 bis 9 Grad als Maximum, an de Nuechte si mir ëmmer nach mat bis ëm -4 Grad ënnerwee. E Freide wiessle sech Sonn a Wolleken of, 2 bis 6 Grad stinn um Programm. E Samsde kéinten déi eng oder aner kuerz a lokal begrenzt Schaueren optrieden, iwwerdeems et op de meeschte Plazen awer nach dréche bleiwe sollt. D’Temperature packen et op 4 bis 8 Grad. E Sonnde gëtt déi Saach mat de Schaueren aus aktueller Siicht gesinn erëm e bësse méi warscheinlech.

E kale Wand

Duerch de Wand, deen och an dëser Woch nach spierbar wäert ënnerwee sinn, fille sech déi niddereg Temperature nach däitlech méi kill un. Nach bis e Mëttwoch ass e Wiederhiweis viru Keelt aktiv, dat wéinst gefillten Temperature vu bis ëm -12 Grad. Den Détail dozou fannt Dir op der fuschneier Säit fir Wiederhiweiser.