De Wochenausbléck: Et ass ëmmer nach iwwerduerchschnëttlech waarm

An der neier Wiederwoch dominéiert weiderhin héije Loftdrock. Aus dësem Grond bleift de Reen e raren Artikel an et ass och ëmmer nach ze waarm fir d’Joreszäit.

Net vill Neies

Et gëtt, op mannst mol fir de Moment, net vill Neies ze zielen. Mir leien ëmmer nach haaptsächlech ënner Héichdrockafloss, wouduerch mir et déi meescht Zäit mat rouegem, mee iwwerduerchschnëttlech mëllem Wieder ze dinn hunn.

Um Méindemoien ass et nach méi oft gro duerch Niwwel a Wollekefelder, dobäi ass och mol liichte Nidderschlag a Form vu Fisemreen méiglech. D’Temperature leien tëscht 7 an 10 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vu 14 bis 17 Grad. De Wand ass nëmme schwaach aus Südosten ënnerwee, an de Spëtzte packt en et op 25 km/h. Et gëtt manner gro, d’Sonn kënnt sech nieft e puer Wolleke weisen. An der Nuecht op den Dënschde gëtt et aus Weste lues a lues e bësse méi wollekeg, fir de Rescht sinn och erëm Niwwelfelder ze erwaarden. D’Temperature falen a leien och um Dënschdemoien tëscht 7 a 9 Grad. Se klammen am Nomëtten op e Maximum vun 12 bis 15 Grad nodeems sech de Niwwel opgeléist huet. Et stellt sech e Mix aus Sonn a Wolleken an, déi punktuell och e bësse méi kompakt kënne ginn. An esou Fäll besteet eng kleng Warscheinlechkeet vun enger vereenzelter Schauer, mee dëst sollt just op déi mannst Géigenden zoutreffen.


De Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Keng gréisser Ännerung an der zweeter Wochenhallschent

Och an der zweeter Wochenhallschent ännert sech net all ze vill. Wann et mol reent, dann duerch Stéierunge wéi z.B Passage vu schwaache Frontesystemer.

De Mëttwoch kënnt sech d’Sonn weise, soubal sech de Niwwel opgeléist huet. Mir starte bei 7 bis 10 Grad an hunn am Nomëtten 11 bis 13 Grad ze erwaarden. Mee: de Modellrechnunge no kéint de Niwwel dës Kéier e Stéck méi kompakt sinn, wouduerch et méiglech ass, dass e sech eventuell iwwert de ganzen Dag zéie kéint. An dësem Fall géifen d’Temperaturen och e gutt Stéck méi niddrëg ausfale wéi uginn. Et bléist just e schwaache Wand aus südleche Richtungen. Um Donneschde soll eng schwaach Front iwwert eis ewechzéie, déi eis e Mix aus méi décke Wolleken a sonnege Momenter brénge soll – an och geréng Reequantitéite wärend dem Passage. Den Thermometer klëmmt op 10 bis 13 Grad. De Freide wiessle sech viraussiichtlech Sonn a Wolleken of an et bleift dréchen bei 10 bis 14 Grad. Um Samsde sollen d’Wolleken an och de Niwwel bei 12 bis 15 Grad dominéieren. Um Sonnde soll et ufanks nach frëndlech ginn, am Nomëtte kënnt aus Westen awer eng Front mat Reen eragezunn; 12 bis 15 Grad.