De Wochenausbléck: Et bleift lefteg an zäitweis naass

Et steet eng variabel Woch an d’Haus, déi eis net all ze vill sonneg Momenter brénge wäert. Och de Wand bleift e spierbart Element.

Grousswiederlag

An dëser neier Woch zitt sech den Héichdrockafloss a Richtung Südeuropa an och d’Mëttelmiergéigend zréck. Nërdlech dovun, also do wou och Lëtzebuerg läit, rauschen ëmmer erëm Déifdrockgebitter duerch – deels leie mir och op der geneeër Grenz vun dësen Drockgebitter. Dës Loftdrockdifferenz tëscht Süd- a Mëtteleuropa féiert zu Beweegung an der Wiederkichen. Dir kënnt also schonn erausliesen, dass et nawell lefteg bleiwe wäert. Och d’Wolleke verloossen eis net wierklech, well dës bréngen eis am Laf vun der Woch och ëmmer erëm Nidderschléi – déi awer gréisstendeels schwaach ausfale wäerten. Grouss Quantitéite bleiwen also aus. Wat de Schnéi ugeet bestinn, ausser haut um Méinden an och um Dënschde, sou gutt wéi keng Chance méi.


D’Grousswiederlag bis Enn der Woch | Animatioun: wxcharts.com

Déi éischt Wochenhallschent

An der éischter Wochenhallschent geet et schonn mat richteg onbestännegem Wieder un. Um Méinde passéiert eis d’Wand- resp. Stuermfeld vun engem klengen Déif, wat mat sengem Kär iwwert dem Norde vun Däitschland läit. Dobäi ass et meeschtens bedeckt, et kënnt ëmmer erëm zu schwaache Nidderschléi – op de Koppen ass dat och mol geréngfügege Schnéifall. De Wand packt et an de Spëtzten op bis zu 75 km/h, nëmmen ënner Ëmstänn si mol bis zu 85 km/h net onméiglech. D’Temperature packen et op 1 bis 5 Grad. Um Dënschde bleift et bedeckt an et gëtt och ëmmer erëm naass duerch schwaach Nidderschléi, am Ufank kënnen dat op de Koppen ëmmer nach eenzel Flacke sinn. Bei 4 bis 7 Grad am Nomëtte ginn awer och dës séier a Reen iwwer. De Wand bleift mat Spëtzte vu 55 km/h spierbar. Um Mëttwoch hu mir et wuel viraussiichtlech de ganzen Dag mat ville Wolleken a Niwwelfelder ze dinn, dat bei 5 bis 9 Grad. Et ass mat Fisemreen ze rechnen, de Wand bleift spierbar ënnerwee.

Déi zweet Wochenhallschent

An der zweeter Wochenhallschent ännert sech d’Bild net grouss. Um Donneschden ass et meeschtens gro duerch Niwwelfelder, d’Sonn huet net déi bescht Chancen. D’Temperature packen et op 4 bis 9 Grad, bis op e bësse Fisemreen sollt et awer dréche bleiwen. Um Freide gëtt et erëm e bësse méi naass, punktuell begrenzt an och just op den héchste Koppe kann déi eng oder aner vereenzelt Flack drënner sinn. 3 bis 8 Grad stinn un, mat heescht, dass et soss iwwerall am Fall vu schwaache Nidderschléi reene wäert. De Wand bléist mat Spëtzte vu 45 km/h ëmmer nach spierbar. Um Samsde gëtt et viraussiichtlech erëm e bësse méi dréchen, mee et sollt gréisstendeels gro bleiwen. 4 bis 7 Grad stinn aus aktueller Siicht gesinn erëm um Plang. De Sonnde soll bei 5 bis 8 Grad änlech ausfale, just mam Ënnerscheed, dass d’Chancen op sonneg Momenter minimal besser stinn.