De Wochenausbléck: Et bleift sonneg, dobäi Temperaturen am fréisummerleche Beräich

Och an der neier Wiederwoch huet eis den héije Loftdrock am Grëff. Et bleift also richteg frëndlech, dat bei agréablen Temperaturen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Iwwert dem nërdlechen Atlantik resp. de britteschen Insele läit weiderhin en Héichdrockgebitt, wat eis viraussiichtlech déi ganz Woch iwwer schéint Wieder op Lëtzebuerg bréngt. Parallel dozou hëlt d’Déifdrockaktivitéit iwwert dem Mëttelmier zou, soudass e gréissere Kontrast entsteet. En all ze groussen Afloss op eis soll, wann dann och éischter a Richtung Schluss vun der Woch, awer nach net ze spiere sinn.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Wiederlag bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut e Méinde mierke mir quasi keen Ënnerscheed zu gëschter: Et ass schéi sonneg an d’Temperaturen erreeche mat engem Maximum vun tëscht 20 a 25 Grad en änleche Niveau. Et zéien héchstens e puer dënn Schleierwolleken duerch, déi d’Wiedergeschéien awer net all ze vill beaflosse sollten. Muer en Dënschde gëtt et erëm bësse manner waarm, d’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 17 an 22 Grad, eventuell lokal 23 Grad. D’Sonn bleift, et sinn erëm just e puer dënn Schleierwolleken dobäi. Och e Mëttwoch bleift et schéi sonneg, mat 22 bis 25 Grad gëtt et schonn erëm en Tick méi waarm.

Och an der zweeter Wochenhallschent deet sech net all ze vill. Et bleift frëndlech, d’Sonn ass do an et si just e puer eenzel Wolleken ënnerwee. Reen ass, Stand elo, keen a Siicht. En Donneschde klammen d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 22 a 27 Grad, jee no Modell e bëssen driwwer. E Freide wier et mat 19 bis 23 Grad e bësse méi kill, mee um Weekend selwer kriite mir et erëm mat tëscht 22 bis 26 Grad ze dinn.

Et ginn e puer Unzeechen fir eng liicht méi schmeier Loft an der nächster Woch, iwwerdeems et agréabel waarm bleift. Konkret Infoen iwwert en Donnerwiederrisk ginn et awer nach keng.