De Wochenausbléck: Et geet e bësse manner waarm a weiderhi variabel virun

An der neier Woch ännert sech net vill um Wiedermuster: Dotëscht ass d’Sonn zwar mol do, mee et kënnt och zu naasse Momenter.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Och elo an der neier Wiederwoch hu mir et iwwert den Azoren mat engem Héich ze dinn, d’selwecht och iwwert dem Nordoste vum Kontinent. Dotëscht ass déiwe Loftdrock um Wierk (also och iwwert eis), duerch deen et zu engem weiderhi variable Mix aus Sonn, Wolleken a Schauere kënnt. Et gëtt e bësse méi kill, mee den Ënnerscheed ass elo och net esou riseg.


De viraussiichte Verlaf vun der Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Haut um Méinde sinn zwar vill Wolleken ënnerwee, mee mat Chance weist sech och d’Sonn emol. D’Temperature leien de Moment tëscht 17 an 22 Grad a wäerten an der nächster Nuecht meeschtens bei iwwer 10 Grad bleiwen. Muer um Dënschde selwer ass mat enger groussflächeger Reefront ze rechnen, duerch déi et spéitstens vum Dënschdemëtten un iwwerall wäert naass ginn. Nennenswäert Reenzomme bis 10 l/m² oder driwwer kënnen dobäi och virkommen. D’Temperature packen et op 12 bis 16 Grad.

Fir de Rescht vun der Woch gesäit et dann nom genannte Mix aus Sonn, Wolleken a Schaueren aus. D’Maximaltemperature leien e Mëttwoch bei 12 bis 15 Grad, en Donneschde bei 13 bis 16 Grad, e Freide bei 14 bis 18 Grad, e Samsde bei 15 bis 17 Grad a genee esou och erëm e Sonnden.

Vun elo aus gekuckt bis de Sonnden inclus sollen zesummegerechent 20 bis 35 l/m² Reen vum Himmel kommen.