De Wochenausbléck: Et geet variabel virun, Enn der Woch méi waarm

Et géif ee wierklech bal mengen, de Summer wéilt net esou richteg. Et ass eng weider Wiederwoch ze erwaarden, an där de Summer net esou richteg duerchkënnt.

Nëmmen zäitweis naass

De Gros vun der Woch hu mir et mat engem stabilen Azorenhéich ze dinn. Zesumme mat déiwem Loftdrock iwwert dem nërdlechen Europa ginn ëmmer rem net-summerlech Loftmassen an eis Géigende geschéckt an och am Allgemenge bleift eis eng variabel Grousswiederlag erhalen.

D’Temperature fuere méi oder manner Achterbunn. Mee ier d’Wäerter erem e Stéck fale, starte mir mat engem summerleche Méinden an déi nei Woch eran. An de Fréistonne si net vill Wolleken ënnerwee, d’Temperature leien tëscht 13 a 15 Grad, haaptsächlech an den Däller wäerte se bei ëm 7 Grad leien. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 23 bis 28 Grad areecht, Sonn a Wolleke wiessle sech of. Et sollt dréche bleiwen. Och an der Nuecht op den Dënschde bleiwen eis déi puer Wolleken erhalen, d’Temperature ginn op e Minimum vu 15 bis 10 Grad zréck. An den Däller kënnen d’Wäerter erëm op ëm 7 Grad falen. Um Dënschde selwer gëtt et séier méi wollekeg, aus Nordweste kënnt nämlech e Frontesystem erugezunn. Bei Maximalwäerter vun 18 bis 23 Grad reent et virdéischt just lokal begrenzt, ier an der Nuecht op de Mëttwoch méi verbreet mat Reen ze rechnen ass. D’Temperature ginn op 16 bis 10 Grad zréck.

D’Loftmasseverdeelung bis Enn der Woch (ECMWF – wxcharts.com)

Vu Mëtt der Woch u méiglecherweis rem bësse méi waarm

Géint Mëtt der Woch rechnen d’Modeller de Moment domat, dass ee Punkt areecht gëtt, vun deem uns et erëm lues a lues méi waarm bei eis gëtt. Um Mëttwochmoie kann et mol nach reenen, dat bei 12 bis 16 Grad an 13 bis 18 Grad am Virmëtten. Vu géinter Mëtten u sollt et ëmmer méi dréche ginn, am Nomëtte ka sech d’Sonn souguer erëm heiansdo weise kommen. Et gi 15 bis 21 Grad areecht, de Wand ass zäitweis spierbar aus Nordwesten ënnerwee. De Rescht vum Dag geet et éischter wollekeg virun, an der Nuecht op den Donneschde falen d’Temperaturen op 13 bis 10 Grad. Um Donneschde selwer wiessle sech Sonn a Wolleke viraussiichtlech of, et gi Maximaltemperature vu 17 bis 23 Grad areecht.

Duerno sollen d’Loftmasse rem bësse méi waarm ginn. Duerch zouhuelenden Héichdrockafloss schéngt et och esou, wéi wann et kuerz rem méi bestänneg kéint ginn. De Freiden zéien dem aktuelle Stand no rem e puer eenzel Wolleken duerch, dat bei sonnege Momenter. 19 bis 25 Grad ginn areecht. Um Samsde sollen et rem 23 bis 28 Grad waarm ginn, um Sonnde 26 bis 31 Grad.